Carte Blanche vum Serge KollwelterWahl a Wahlbedeelegung

Viru 15 Joer hat den deemolege Premier Jean-Claude Juncker d’Perspektiv vum 700.000-Awunnerstaat kuerz an d’Gespréich bruet. Haut si mer, mat de Grenzgänger an hire Famillje schonns bal eng Millioun Leit, déi fir a vun Lëtzebuerg liewen a schaffen. Lo steet d’Millioun Awunner am Raum, an eis Haaptstad soll bis op 150.000 Awunner opgeblosen ginn. D’Carte blanche vum Serge Kollwelter.

1 Millioun Awunner wär eng linear Fortschreiwung vun der Entwécklung vun deenen leschte Joren. Esou e Wuesstem géif eise generéise Pensiounssystem iwwer d’Ronne retten. Aner Aspekter ginn dem fräie Maart iwwerlooss, notamment de Logement, ëmmer méi och d’Schoul, wou an der Haaptstad scho 45% vun de Kanner a Privatschoule ginn.

Carte Blanche: Serge Kollwelter (29. Juni)

Virun allem gëtt eng Fro net gestallt, nämlech déi, ween an dësem Land eppes ze soen huet, ween zur Wiel steet, wee wielen däerf.

Elo schonns sinn an der Haaptstad nëmmen nach 30% Wieler, landeswäit d’Halschent: Sou soll et bleiwen, sote virun engem Joer 80% vun de Lëtzebuerger.

Bei där ugepeilter demographescher Entwécklung wären nëmmen nach 1/3 landeswäit, an der Haaptstad nach knapps 1/5 vun den Awunner wäertvoll genuch, fir matzebestëmmen.

Mat Vollgas also Richtung Apartheidstaat!

E bëssche lues Kollwelter, wäert elo deen een oder anere soen: en neit Nationalitéitegesetz wäert hei demokratesch Remedur schafen! Bestëmmt kann en neit Gesetz den Trend ofschwächen, awer net méi !

En interessante Moment kënnt op eis zou mat den Gemengewahlen am Hierscht 2017. Bekanntlech kann all Auslänner, dee 5 Joer am Land lieft, dorun deelhuelen a gewielt ginn. Souwäit d'Theorie, an der Praxis woren et manner wéi 20 Prozent, déi dës Méiglechkeet 2011 ergraff hunn. Ween ageschriwwen ass, muss wiele goen: oft kucke mer vun uewen erof op déi Länner, wou ëmmer méi Leit net wiele ginn, dobäi gëtt Zuel vun den Net-Wieler bei eis ëmmer méi grouss, ouni datt dat ee beonrouegt!

Bleift ofzewaarden, ob et e wierkleche politesche Wëlle gëtt, op Gemengeplang zu engem suffrage universel zréckzekommen. Zeechen dofir wären: Aschreiwe per Internet, Residenzdauer erofzesetzen, wéi d’Chamber et per Resolutioun schonns 2011 gewënscht huet oder guer keng Residenzdauer, wéi elo schonns an der Belsch, Net-Lëtzebuerger am Gemengepersonal an op de Kandidatelëschten, asw, asf.

Wéi virun 150 Joer d’Zuel vun de Gemengeconseillere festgeluecht gouf jee no Awunnerzuel, wore souzesoen all Awunner Lëtzebuerger. Géif haut d’Zuel vun de Conseillere vun der Zuel vun de Wieler ofhänken, hätt z.B. d'Haaptstad net 27 Gemengeréit ze gutt, mä nach just 10 oder 11.

Loosse mer mol ofwaarden, ob wierklech strukturell eppes geännert gëtt bei der Aschreiwungsprozedur oder nees op Sensibilisatioun gesat gëtt. Ob Net-Lëtzebuerger a Parteien integréiert ginn, am Gemengepersonal vertruede sinn, méi wéi 1 symbolesche Kandidat op de Lëschten hunn oder nees einfach Gadgete verdeelt ginn!

Vläicht soll een d'Erwaardungen net ze héich schrauwen, schliisslech entscheeden d'Lëtzebuerger weiderhi confortabel eleng, wéi d’Steieropkommes ugeluecht gëtt, wat vun hinnen, den Auslänner an de Grenzgänger zesummen erschafft gëtt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.