Carte Blanche fir de Marc HostertEuropa gëtt et net fir de Präis vu engem Fitness-Club-Abonnement !

Nom Brexit ass Europa net méi dat wat et war et gëtt och ni méi dat wat et war, de Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zum Brexit an zu Europa.

Et sollt ee flotten Conveniat gi vun den Leit, déi Première an der Europaschoul 1985 gemaach hunn. Den Dag vum Treffen war de Weekend nom Referendum an England. D’Atmosphär war flott, mee dach e bëssen bedréckt, besonnesch bei den englesche Kollegen an England hat deen Ament nach net géint Island verluer.

Carte Blanche: Marc Hostert (1. Juli)

Am Joer vun eiser Première,1985, hat d’ EWG 10 Memberlänner mat Griicheland. Portugal an Spunien stongen an der Dier, fir an Europa ze kommen. Kroatien war nach en Deel vun Jugoslawien a West-Däitschland ass virun der Gruppen-Phase als Titelverdeedeger aus der EM 84 geflunn. D'DDR hat sech net fir d’EM qualifizéiert. Europa war nach an zwee gedeelt duerch den eisenen Rideau.

Haut, ronn 30 Joer méi spéit, war et interessant ze héieren wat de Kollegen, déi iwwerall an Europa liewen an schaffen, no alles an Europa geschitt ass a firwat Europa ëmmer méi de Populisten an Skeptiker ausgesat ass.

Uni sono, an éischtens, war et d’Ausso dass Europa net genuch erkläert gëtt.

D ‘Wëssen an d ‘Erkenntnis iwwer Europa bei der Populatioun ass aarmséileg an embryonal an iwwerléisst de Populisten vill ze einfach den Terrain. Dësen Erkenntnis-Defizit huet et awer och dënnen eenzelnen Memberstaten erlaabt, iwwer Jorzéngten zouzeloossen, dass hiert Vollek mengt, dat Europa eleng fir Saachen verantwortlech ass, wou awer am Kader vun den Decisioun’s-Prozeduren all eenzelt Land mat um Dësch setzt a fest am demokrateschen Fonctionnement vum Conseil a Parlament agebonnen ass. Am Conseil gëtt ofgestëmmt  mat qualifizéierter Majoritéit  vu 60 Prozent vun der Populatioun a mat enger Majoritéit vun de Memberlänner.

De Problem ass deemno manner Europa, mee vill méi déi deelweis ambivalent Approche vu verschiddenen Staaten an Europa wéi zum Beispill bei der Flüchtlings-Problematik.

Als Konsequenz  heivunner fillen der vill vun eis sech net als Europäer, mee ëmmer méi dem national Staat zougewannt.

Zweetens, hu Kollegen ënnerstrach, dass et bluttnoutwenneg  ass, wéi de Kontext vum Brexit et och beweist, dass eis Kanner eng robust Medienerzéiung an ee gemeinsamen europäeschen Geschichts-Unterrecht kréien. Dësen Unterrecht iwwert Europa an den europäeschen Integratioun-Prozess zanter dem zweeten Weltkrich soll an all sengen Dimensiounen; déi vum Fridden, déi vun der Ökonomië, déi vun der sozialer Cohésioun wéi och déi verschidden Institutiounen an hir Prozeduren vun Europa, erklären a vermëttelen.

Drëttens, ass bei eise Gespréicher alimentéiert duerch Lëtzebuerger Crémant, an dëst besonnesch och vu Leit aus dem Enseignement bestätegt ginn, dass dat ekonomesch Basis-Verständnes vun enger globaliséierter Welt, an där och grouss Staaten eleng keng Iwwerliewenschancë méi hunn, bei de Bierger nach net genuch bekannt ass.

Grouss Problemer wéi de Klimawandel, d’Terrorismus-Bekämpfung kann keen eenzelt Land net méi eleng léisen. Dobäi missten  dem Bierger och déi ëffentlech Finanzen vun Europa erkläert ginn, wéi zum Beispill dat d'Cotisatioun vum eenzele Bierger fir Europa pro Joer bei 290 Euro läit a 94% dovunner an déi verschidden Politiken fléissen an dass déi europäesch Fonction publique aus genee 55.000 Beamten besteet, dat sinn der 5.000 méi wéi d'Gemeng Paräis.

Véiertens, sinn awer och zwee Feeler opgefall, déi Europa sech an de leschte Joren besonnesch bei menge Kollegen aus de südlechen Länner virwerfe muss loossen. Éischtens, am Kader vun der Banke-Kris sinn d’ Banken gerett ginn, awer d ‘Bierger dacks am Ree stoen gelooss ginn. Zweetens, sinn dës Länner bei der Flüchtling-Problematik vun Europa laang eleng gelooss ginn, obwuel se no Hëllef gefrot hunn. Dëst huet zum aktuellen Legitimationsdefizit an Europa massiivst bäigedroen.

Fir eis all war et awer besonnesch wichteg, dass Europa eise Kanner eng Perspektive an eng Zukunft bidde kann an d'Situatioun vum Brexit kann a muss och als Chance gesi ginn, fir ee weidere Schrëtt bei der europäescher Integratioun ze maachen, deen de Bierger vun Europa nees an den Mëttelpunkt vun der europäescher Iddi stellt!

(Follow me on Twitter and Facebook  at: @marchostert)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.