Carte Blanche vum Alain WagnerVox populi, vox dei?

Virun enger gudder Woch gouf et um politesche Plang just een Thema: de Referendum a Groussbritannien, deen tatsächlech zu deem gefaarte « Brexit » gefouert huet. E Referendum, dee weist, wéi wäit de Frust iwwer Europa ka goen, mä deen iergendwéi awer och d’Limitte vun direkter Demokratie illustréiert. Dozou eng Carte blanche vum Alain Wagner.

D’Europäesch Unioun an direkt Demokratie – dat schéngt net esou richteg zesummen ze passen. Bal all Kéiers wa probéiert gëtt, dem Integratiounsprozess iwwert e Referendum eng basisdemokratesch Legitimatioun ze ginn, ass d’Erniichterung grouss. Zum Beispill ass schonn 2005 de Verfassungsvertrag esouwuel a Frankräich wéi och an Holland duerchgefall. Aner Beispiller ginn et der vill. De Brexit ass deemno just de virleefegen Héichpunkt vun enger laanger Panneserie.

Carte Blanche: Alain Wagner (4. Juli)

D’Ursaache vun dësem Negativtrend si schonn oft kommentéiert ginn. Gewënscht gëtt sech virun allem e manner bürokratescht a méi soziaalt Europa. En Europa, dat op weltpolitescher Bühn mat enger Stëmm schwätzt, ouni awer zu engem faden Eenheetsbräi ze verkommen. En Europa, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet, an net iergendwellech Lobbyen.

Méi allgemeng stellt sech awer och d’Fro, wéini e Referendum e wierklech sënnvollt Instrument duerstellt. Eng gewëssen Dosis un direkter Demokratie ass ouni Zweiwel wënschenswäert, well se all Mënsch erlaabt, u konkreten Entscheedungsprozesser deelzehuelen an doduerch Politik méi gräifbar gëtt. Wichteg ass dobäi net nëmmen d’Ofstëmmung selwer, mä och d’Tatsaach, datt am Virfeld an der ganzer Bevëlkerung diskutéiert an argumentéiert gëtt.

Anerersäits ginn et och Situatiounen, wou e Politiker de Courage muss hunn, seng Verantwortung ze iwwerhuelen a méi wäit wéi den Zäitgeescht ze kucken. Sou huet zum Beispill de François Mitterrand d’Doudesstrof ofgeschaaft, obwuel deemools eng Majoritéit vu Fransousen géint eng Abolitioun war.

Weider mécht e Referendum och nëmmen da Sënn, wann d’Leit ëmfaassend informéiert sinn an hir Decisioun en connaissance de cause kënnen huelen. Dat ass méiglech, wann et ëm e punktuellen, kloer ofgegrenzte Sujet geet, wéi zum Beispill hei zu Lëtzebuerg bei der Debatt iwwer d’Wahlrecht.

Ganz anescht ass et awer, wann de Sujet sech esou komplex duerstellt, datt e fir den eenzelne Bierger net ze iwwerkucken ass. A grad dat ass de Problem bei deene groussen europapolitesche Referenden. Sou gouf 2005 iwwer en immens techneschen Text vu ronn 400 Säiten ofgestëmmt, vun deem déi meescht kaum eng Zeil gelies haten. An esou Konditiounen ass e Referendum just eng Alibiveranstaltung – an dat ganz onofhängeg vum Resultat.

Och beim Brexit kann ee kaum dovun ausgoen, datt déi meescht Wieler d’Konsequenzen vun hirem Choix wierklech iwwerbléckt hunn. D’Resultat entspréngt manner engem rationellen Ofweien vu pro a contra wéi engem instinktive Bedürfnis, de Waasserkapp vu Bréissel eemol sou richteg ze rëselen. E Bedürfnis, dat ee wuel zum Deel noempfanne kann. Allerdéngs riskéiert de Präis fir dëse kuerze Moment vu Jubilatioun relativ héich auszefalen.

Sécher: Direkt Demokratie huet ëmmer eppes Erfrëschendes. Mä wann dat Ganzt sech um Terrain vun emotional gefierftem Hallefwëssen ofspillt, schmaacht d’Erfrëschung iergendwéi no Demagogie.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.