Carte Blanche vum André HoffmannHuet Europa nach eng Zukunft?

Dat freet sech den André Hoffmann. De Choix ass jiddefalls net deen tëschent enger autoritärer Integratioun an dem Réckzuch op den Nationalstaat.

Gefall huet et mer net, d’Resultat vum briteschen Referendum, awer nach manner déi demagogesch an onverantwortlech Verlugenheet virdrun an duerno.

Ech hu mech awer och gefrot, wat déi britesch Regierungen da bäigedroen hätten zu engem méi sozialen an demokrateschen Europa.

Vun der Madame Thatcher, déi sech dru ginn hat, déi britesch Gewerkschaften ze zerschloen, koum bekanntlech déi fatal Formel „There is no alternative“, déi sech iwwert ganz Europa verbreet huet. Fir déi ultraliberal, onsozial Ausriichtung vun der Europäescher Unioun duerchzedrécken. Dat Geschwätz vun der Alternativlosegkeet ass matverantwortlech fir déi falschst an ellenst Alternativ, déi et gëtt: friemefeindlech, ondemokratesch, nationalistesch Stëmmungen a Stréimungen an Europa.

An elo? Eng forcéiert zentraliséiert Integratioun, vun där ech elo erëm héieren, iwwert d’Käpp vun de Leit ewech, géif déi Tendenzen nach bestäerken.

Awer och de Réckzuch op den Nationalstaat kann net den Auswee sinn. Kann een am Nationalstaat de Klimawandel besser stoppen oder de Finanzkapitalismus entmuechten? Gëtt doduerch d’Konkurrenz tëschent de Staaten net nach méi grouss, op Käschte vu soziale Rechter, Steiergerechtegkeet an nohalteger Entwécklung?

Datt deen neien Nationalismus och net zu méi Demokratie féiert, gesi mer an Ungarn a Polen. D’Beispill Griechenland huet awer och gewisen, wéi schwéier et ass, eng nei Politik vun demokrateschen a soziale Rechter duerchzesetzen, wann et net eng staark europäesch Bewegung an déiselwecht Richtung gëtt.

Dat bräichten mer also: eng breet gesellschaftlech Bewegung fir e soziaalt, demokratescht an oppent Europa, déi vun den europäesche Bierger selwer gedroe gëtt. An dat esouwuel um nationalen wéi um europäesche Niveau.

Do gëtt et zwar schonns Usätz, ma et ass net einfach. Awer wann dat net geléngt, kënnt Europa seng Zukunft schonn hannert sech hunn.

Däerf een optimistesch sinn? Den italieneschen Philosoph a Politiker Antonio Gramsci huet eis aus aus vill méi däischteren Zäiten, nämlech aus dem Mussolini sengem Prisong, eng schéin Iddi mat op de Wee ginn: wann de Verstand zum Pessimismus tendéiert, bleift nach ëmmer den Optimismus vum Wëllen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.