Carte Blanche vum Michel MaquilFir d'Aféiere vun engem Kannerwahlrecht

Nom Resultat vum Referendum an England hu vill Leit sech Froe gestallt, wéi dat esou wäit komm ass. Et ass opgefall, dass déi meescht jonk Leit géint de Brexit gestëmmt hunn, wou awer déi eeler Generatiounen sech massiv derfir ausgesprach hunn. Fir deem Trend entgéintzewierken, muss ee scho méi radikal Léisunge sichen. A senger Carte blanche iwwerleet de Michel Maquil, wéi een d'Wahlrecht kinnt änneren, fir dass eng nei Dynamik an eiser Gesellschaft kinnt entstoen.

Fräie Finanzberoder

Fréiere President vum Direktiounskomitee vun der Lëtzebuerger Bourse

 

Nodeems d'Resultater vum Referendum am Vereenegte Kinneksräich bekannt gemaach goufen, ass vill iwwer d'Ursaache vun dësem dach erstaunleche Resultat diskutéiert ginn.

Et huet ganz vill Leit schockéiert, dass déi jonk Leit massiv géint de Brexit gestëmmt hunn. Esou hunn méi wéi 2/3 vun deenen Wieler, déi manner wéi 35 Joer all sinn, fir d'Bleiwen an der EU gestëmmt. Si goufen allerdéngs vun deene Wieler, déi méi al sinn, iwwerstëmmt.

Elo ass et awer esou, dass grad déi jonk Generatioune mat Sécherheet vun de laangfristegen Folgen vun dem Brexit leide wäerten, wat fir eeler Wieler vill manner de Fall wäert sinn. Dat ass eng Konsequenz, déi sech logescherweis aus dem Ëmstand ergëtt, datt Bevëlkerunge méi al ginn.  An effektiv läit den Duerchschnëttsalter vun de Wieler an eise Länner wäit iwwer 50 Joer an deen Alter klëmmt regelméisseg weider. Besonnesch déi europäesch Länner, déi eng niddreg Gebuertenzuel hunn, leiden staark ënnert dëser Evolutioun.

Hei zu Lëtzebuerg ass Wuel versicht ginn, de Wahlalter op 16 Joer erofzesetzen. Dat wier zwar ee Schrëtt an déi richteg Richtung gewiescht, mä et hätt héchstens eng Drëps Waasser op ee waarme Steen duergestallt. Fir deen Trend an eiser Gesellschaft ze briechen, misst ee scho vill méi radikal Mesuren ergräifen.

An där Hisiicht huet déi liberal Schwäizer Denkfabrik, Avenir Suisse sech kierzlech agesat, dass an eisen Demokratien ee Kannerstëmmrecht soll agefouert ginn. Dat Stëmmrecht soll awer bis zur Groussjähregkeet ausgeübt gi vun den Elteren oder vun de Kanner hire gesetzleche Vertrieder. Avenir Suisse geet dervun aus, dass Leit mat Kanner sech spontan a logescherweis méi u laangfristegen Ziler orientéieren wéi méi al Leit ouni Kanner.

Gewielte Politiker si bal instinktiv drop aus fir d'Interetën vun der Majoritéit vun hire Wieler prioritär ze verdeedegen an dat sinn eben an eiser Gesellschaft virun allem kuerzfristeg Ziler an d'Verdeedegung vun de famousen Droits acquis.

Wa mer wëllen Europa aus der ablécklecher Kris erausbréngen, da muss ee couragéiert Mesuren huelen, déi wäit iwwer grouss Parolen eraus ginn. D'Stëmmrecht ze änneren, an deem een ee Kannerstëmmrecht aféiert, wier ouni Zweiwel eng ganz radikal Moossnahm, déi awer eisen demokratesche System net a Fro géif stellen.

Et gëtt sécher och nach aner Weeër an hei sinn all Denkfabrike gefuerdert, fir hir Bäitreeg ze maachen. Eis Politiker, eis Gewerkschaftler an eis Dirigeanten aus der Wirtschaft si gefuerdert, sech mat dësen Denkustéiss auserneenzesetzen an et och ze woen, méi radikal Schrëtt ze huelen. D'Problemer vun der europäescher Unioun si keng Fatalitéit, mä si si léisbar, et verlaangt awer staark Politiker mat vill Courage a virun allem Wäitsiicht fir se ze iwwerwannen.

http://www.avenir-suisse.ch/fr/58421/la-suisse-sur-la-voie-de-la-gerontocratie/




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.