Carte Blanche vum Robert WeberEis Aarbechtskäschten, een Thema mat engem laange Baart

Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB an fréieren Deputéierten. Den Här Weber beschäftegt sech mat enger Debatt an der Chamber iwwert d’Aarbechtskäschten.

Debatten an der Chamber iwwert Lag vun der Natioun an de Stabilitéitsprogramm si leider ëmmer erëm eng Geleeënheet fir mat Schlagwierder a mat vill Populismus ze operéieren. Esou war et och dëst Joer,  eemol méi. De Rapport vun der zoustänneger Chamber-Kommissioun ass och net vill besser.

Ech zitéieren just aus enger Ried.

« Zum Deel kann ee sech do baséieren op de Rapport vun der Kommissioun, deen ouni Ëmweeër e puer Saachen opdeckt, déi einfach net ginn ; nach ëmmer net ginn. Mir soen, mir hätten u Kompetitivitéit gewonnen. Fäin ! Eis Produktivitéit ass zanter der Kris vun 2008 net méi an d’Luucht gaangen. D’Salaireskäschten deem géintiwwer awer schonn. D’Käschte vun enger héijer Main-d’œuvre ginn dacks ugesinn als Obstakel vun der ekonomescher Diversifikatioun. «

All Joers ass sech an der Tripartite mat de Lounkäschten, den Lounniewekäschten, der Produktivitéit beschäftegt ginn. Leider ginn et der Tripartitten net méi, wat déif blécke léisst fir den soziale Modell Lëtzebuerg. Do hätt ee kënne gemeinsam analyséieren, dass mer an de Joren 2008 bis 2013 eng schlëmm Finanz-a Wirtschaftskris haten. Am Joer 2008 sinn d’Finanzmäert zesummegebrach , am Joer 2009 huet d’Regierung mat de Sozialpartner an der Tripartite e Wirtschaftsprogramm fir di Kleng- a Mëttelbetriber definéiert, dee virun allem d’Beschäftegung sollt stäipen. En Ennerstëtzungsprogramm ass lancéiert ginn, fir di Lëtzebuerger Banken finanziell oprechtzerhalen. All des Moossnamen hunn eis ëffentlech Finanzen uerg strapazéiert.

Gottsäidank huet dës Politik gewierkt.

Wann ee sech elo erwaart huet, dass an dëser Zéit d’Produktivitéit gewuess wär, da lieft deen um Mound.

D’Salaireskäschten sinn e wichtegen Indicateur- nieft aneren- fir e Wirtschaftsstanduert . Si variéiere ganz staark vu Land zu Land an och entspriechend de Wirtschaftssecteuren.

Hei e puer Chifferen aus dem Joer 2012 :

Di duerchschnëttlech Aarbechtskäschten pro Stonn loungen an der EU-15 tëschent 13,30.-Euro (Portugal) an 39,35.-Euro (Dänemark). Eng Moyenne also vun 28,76.-Euro.

Lëtzebuerg 33,91.-Euro                         Belsch 38.-Euro                 Däitschland 30,48.-Euro

Frankräich 34,24.-Euro                         Holland 32,47.-Euro

Lëtzebuerg läit op der 5.Plaz an der EU-15.

De Wirtschaftsminister huet dozou gesot :

«  Zënter 10 Joer maachen ech Wirtschaftsmissiounen an deenen diverste Funktiounen, ech kann Iech soen, dass a kenger vun all deene Wirtschaftsmissiounen dat jee e Sujet war. »

Ech mengen, dat ass däitlech !

Eigentlech misste mer houfreg sinn, dass mer an engem Land liewen, wou e gutt Stéck vum Wirtschaftskuch der Gesellschaft an senger Arbeitnehmerschaft zegutt kennt.

Mir missten et just fäerdeg bréngen, et besser ze verdeelen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.