Carte Blanche vum Robert UrbéSpueren oder ausginn?

Dat ass eng Fro, déi sech all Stot dauernd muss stellen. Genau sou och, wat de Budget vun engem Land ugeet. Et ass net egal, wéini ee spuert a wéini een ausgëtt, seet a senger Carte Blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.

Viru Kuerzem nach, bei der Ofstëmmung fir de Budget fir 2016 an och bei der Budgetsplanung 2015-2019, huet de Finanzminister dervu geschwat, datt den Zukunftspak, dee jo e Spuerpak 2014 bis 2018 sollt sinn, misst ganz ëmgesat ginn, fir wierksam ze sinn. Zënter e puer Wochen erliewe mer awer, datt de Wand aus enger anerer Richtung bléist: Mat der Steierreform ginn elo vum nächste Joer u beim Staat manner Einnamen an der Héicht vu ronn enger hallwer Milliard Euro pro Joer ageholl, an déi ginn un d’Leit verdeelt. Zu bestëmmten Zäiten, a Krisenzäiten, wou d’Wirtschaft méi schlecht dréint, méi ausginn, an zu aneren Zäite spueren, heescht an der Budgetspolitik "antizyklesch Haushaltspolitik".

Carte Blanche: Robert Urbé (14. Juli)



D’Joren 2008 bis 2014 waren alles Krisejoren, an awer ass do ënnerschiddlech gehandelt ginn.

Enger Etude no, déi d’Europäesch Kommissioun am Abrëll virgeluecht huet, hunn net alleguer, awer eng Rei vun europäesche Länner, an dorënner Lëtzebuerg, vun 2008 u fir d'éischt méi ausginn an no 2011 gespuert. Bis elo.

D’Resultat vun esou Politiken ass, datt an deene Länner mat e puer Ausnamen tëscht 2008 an 2011 d’Akommes vun deenen ënneschte Schichten tëscht 5 an 10 Prozent an d’Luucht gaangen ass, dat vun deene Schichte mat méi engem héijen Akommes ass an deeër Zäit éischter liicht gefall. Un deem éischten Effet sinn d’Sozialtransferten am Allgemengen, un deem zweeten d’Pensiounen an d’Rente Schold.

No 2011 dann huet jidderee manner Akommes gehat an dee Réckgang huet déi mat deene klengen Akommes méi staark getraff, war also besonnesch asozial. Do waren eenzel Länner, wéi zum Beispill Schweden, besser dran, mä a Groussbritannien ass déi Ongläichheet awer och nach méi prononcéiert gewiescht.

Zu Lëtzebuerg ass d’Akommes vun de Privatleit an der Moyenne an de Joren 2008-2011 ëm 0,2% eropgaangen, an der Period 2011-2014 awer ëm 0,8% erofgaang; ënnert dem Stréch ergouf dat iwwer déi ganz Period e Minus, deen elo also rëm soll ausgeglach ginn.

Ech hunn elo keng Donnéeën, fir ze iwwerpréiwen, ob esou e Politikwiessel vun "ausginn" op "spueren" oder vun "spueren" op "ausginn" an deene jeeweilege Länner kann eppes dermat ze dinn hunn, ob déi nächst Wahle méi no oder méi wäit wech waren oder sinn.

Fir Lëtzebuerg kéint een awer soen, 2008 war virun de Wahlen (national an duerno och nach kommunal) an du gouf méi ausginn. Dunn huet no 2011, wou keng Wahlen an de Féiss waren, d’Austeritéit regéiert. D’Wahle vun 2013 sinn da vläicht eng Ausnam, well se ze séier an ze onerwaart koumen, mä duerno goung et rëm viru mat Spueren, an ab 2017 gëtt rëm manner gespuert. Schliisslech sinn 2017, 2018 an 2019 Kommunal-, national an Europawalen!

Oder ass et awer déi antizyklesch a prozyklesch Budgetspolitik? Da misst de Staat, well d’Wirtschaft jo lo rëm gutt dréint, eigentlech rëm geschwë mat Spueren ufänken. Wetten, datt net virun 2020!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.