Carte Blanche vum Robert DennewaldIwwer d’Wichtegkeet vum Aussenhandel fir Lëtzebuerg

© Chambre de Commerce

Den Aussenhandel ass a war vu kapitaler Wichtegkeet fir Lëtzebuerg. Onse Räichtum ass wäitgehend dorop zeréckféieren, datt mir et ëmmer fäerdeg bruecht hunn, ons Wueren an Déngschtleeschtungen an d'Ausland ze exportéieren.

Carte Blanche: Robert Dennewald (23. September)

All Euro, dee mer iwwer den Aussenhandel an d'Keess kréien, bedeit méi PIB fir Lëtzebuerg. Dat heescht méi Geld fir auszeginn a méi Salairen, méi Marge fir ons Entreprisen an awer och méi Steiere fir onse Staatsapparat, fir ënnert anerem onse generéise Sozialmodell an eis Infrastrukturen ze finanzéieren. 

Lëtzebuerg mat sengen 575.000 Awunner ass ze kleng fir dat ze consomméieren, wat mer produzéieren. Onse Konsum stellt kaum 30 Prozent vun onser Wirtschaftsleeschtung duer. An anere Länner ass dëse Konsum undeeleg oft méi ewéi duebel esou héich. Anerersäits stellt den Ënnerscheed vun Export an Import 36% vun der Wirtschaftsleeschtung duer, esou datt de Räichtum vun onsem Land méi staark vum Aussenhandel ofhänkt ewéi vum Konsum vun den Lëtzebuerger Stéit.

Definitiv: Mir sinn an enger ganz anerer Situatioun ewéi déi meescht aner Länner. Mir si vill méi staark vum Aussenhandel ofhängeg wéi déi aner Länner, déi sech op hiren interne Maart verloosse kënnen. D’Zuele schwätzen fir sech: 80% vun onser nationaler Produktioun gëtt exportéiert, bei der Industrie sinn et esouguer 90%.
Laut der Bréisseler Kommissioun hänkt bei eis 1 Aarbechtsplaz vun 3 direkt vun dem Export an den europäesche Bannemaart of, an d’Lëtzebuerger Exporter ausserhalb Europa sécheren 100.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. 

Eng oppe Weltwirtschaft ass esou de Carburant vun eisem Wuelstand. Dofir musse mir eis fir oppe Mäert asetzen. Ebe well den Aussenhandel vun esou enger eminenter Wichtegkeet fir eis Wirtschaft ass, huet d’Politik d’Flicht fir duerfir ze suergen, datt d’Rahmebedingungen esou sinn, datt den Aussenhandel och an Zukunft de Stellewäert kritt, deen en haut huet an deen e verdéngt. Lëtzebuerg hätt an dem Zesummenhang e staarken, jo villäicht den éischte Verfechter vun internationalen Ofkommessen ewéi den TTIP missen sinn, amplaz dach staark dem Drock vu Jänni a Männi nozeginn, besonnesch wou d’USA, no Europa, den éischten Handelspartner vu Lëtzebuerg sinn. D’Politik muss och an dem Zesummenhang duerfir suergen, datt de mëttelstännegen Entreprisen den Zougang zu auslänneschen Mäert vereinfacht gëtt, well et si genau dës Betriber, déi an der Zuel 99,5% vun alle Lëtzebuerger Betriber duerstellen, a sech oft schwéier dinn, am Export aktiv ze sinn. Et si si déi, déi mir mussen op den internationale Mäert positionéieren. Déi sougenannten „déck“ si schonn do.

Mä d’Betriber mussen och hiert Schicksal selwer an d'Hand huelen an aktiv duerfir suergen, datt hiren Exportundeel weider wiisst. Ewéi d’Statistiken et weisen ass dat glécklecherweis de Fall. Et ginn awer och stänneg nei Mäert op der Welt op an do heescht et mat deenen éischten derbäi ze sinn. D’Chamber de Commerce spillt hei eng eminent wichteg Roll, andeems se Joer fir Joer ënnert anerem eng Dose Wirtschaftsmissiounen organiséiert, wou d’Entreprisen nei Mäert prospekteieren, an nei Kontakter knäppe kënnen. Dës Wirtschaftsmissioune si fir all Betriber op. Déi nächst fënnt Enn Oktober am Iran statt, e Maart, dee mat dem rezenten Ophiewe vum Embargo grouss Potentialer ubitt, a ganz offe fir Lëtzebuerger Betriber an hire Savoir-faire ass. Den Handel, déi eenzeg Garantie fir de Wuelstand vu Lëtzebuerg. Avis aux Amateurs!

*Entrepreneur a Vize-President vun der Chambre de Commerce an och Éierepresident vun der Fedil.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.