Carte Blanche vum Marc GlesenerFundament definéieren, Relioun net ignoréieren

Ënner anerem an der Burkini-Debatt a Frankräich ass d'Fro vu Wäerter a Spillregele vum Zesummeliewen an Europa opgeworf ginn. Wat sinn dann eigentlech dës Wäerter a wou komme se hier? Europa misst sech selwer erfuerschen an éierlech zréckkucken, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, a senger "carte blanche".

Wat sinn eis Grondwäerter an Europa? Wat sinn d'Spillregele vum Zesummeliewen? U wat musse mer eis zesummen halen, wa mer a Fridden zesumme liewe wëllen? Dës Froe stoungen iwwer déi Summerméint ganz kloer am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. Quasi an allen europäesche Länner si Froe vu Migratioun, Immigratioun, dem Nieftenee vun verschiddene Kulturen an domat verbonne Froen am Kontext vun der Multikulturalitéit thematiséiert ginn.

Carte Blanche: Marc Glesener (12. September)

Et wor bei all deem bal net auszehalen, wat am Nopeschland Frankräich ronderëm d'Burkini-Problematik gesot a geschriwwe ginn ass. D'Fro vum Verbuet vun dëser Aart Ganzkierpermaillot ass esouguer een, wann net esouguer deen Thema Nummer 1 am Virwahlkampf vun de Presidentielle ginn. Et gëtt deemno näischt, wat et net gëtt.

Nun ass déi Saach mat eise Wäerter, eisem Modell vum Zesummeliewen, eiser Aart a Weis ze liewen och am Kontext vum Handelsofkommes mat den USA, deem ominéisen TTIP, ëmmer erëm gären an d'Woschuel gehäit ginn. Besonnesch an der ëffentlech-politescher Debatt. Den Accord, iwwer deen der och vill schwätzen, déi den Inhalt net kennen, gëtt zu enger Saach héichstiliséiert, bei där ee kënnt mengen, et géif ëm d'Zukunft vun Europa goen.

Bei all dem Schreiwen a Schwätzen iwwer eis Wäerter an Europa, sief et am Zesummenhang mat dem Thema Integratioun oder awer mat dem TTIP, wier et vläicht net schlecht, der Saach vun deem gemeinsame Bëtong, op deem mer esou vill wäert leeën, nozedenken. Wat sinn eis gemeinsam Wäerter? Wat ass d'Fundament, wat eis verbënnt? Wat ass eise Modell? Hu mer en eenheetlechen europäesche Modell? A wann et gemeinsam Wäerter ginn, wou kënnt dat alles hier?

Eent virop: Relioun soll jo bei dësen Iwwerleeunge keng Roll spillen. Dat ass net modern. Nëmme kee Bezuch op eng reliéis Dimensioun, och net an hirem historesche Kontext. Dëst ass onerwënscht. Dat wëllen déi selwer ernannte Modern net. Iwwerhaapt gëtt een den Androck net lass, dat mer e wichtegen Deel vun deem, wat eise Kulturkrees ass a wat eis Wuerzele sinn, ganz einfach net méi als Referenz wëllen. Dont acte!

Dëst ass allerdéngs ee fundamentale Problem. Wann een Deeler vun deem ignoréiert, wat eis Wuerzelen sinn, ass et schwéier, e gemeinsamt Fundament ze definéieren op deem een opbaut.

An dach brauche mer esou ee Mindestsockel vu Gemeinsamkeeten an engem historesche Kontext. D'Amerikaner, op déi mer gäre vun uewen erofkucken, hunn dëst. A si zécken net, Referenz dorop ze maachen. Ob Republikaner oder Demokraten, ob an den USA gebuer oder net. D'Amerikaner sinn houfreg op dat, wat si verbënnt a soen dat och. Jo, mir kënnen als Europäer och vun Amerika léieren. An och vun villen aneren op der Welt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.