Carte Blanche vum Paul HammelmannAn d’Emilienne lauschtert de Vico Torriani

A senger Carte Blanche no der grousser Vakanz beliicht de Paul Hammelmann e puer Sujeten déi an deene leschten 2 Méint an der Aktualitéit stoungen an d’Aart a Weis wéi verschidde Leit domadder ëmginn.

Ufank September sot den italienesche Regierungschef Matteo Renzi op enger Konferenz zu Dakar, déi beschte Präventioun géint Barbarei an Terrorismus wär an d’Kultur an an d’Educatioun ze investéieren.

An d’Emilienne lauschtert den Vico Torriani.

Den “Charlie Hebdo”, de “Bataclan”, blann Gewalt zu Nice, d'Attentater zu Würzburg, zu München, zu St. Etienne an a Florida.
Zu Aleppo sinn 300000 Zivilisten tëschent der Front vu Regierungstruppen an Rebellen agespaart.

An d’Emilienne lauschtert den Vico Torriani.

D’AFD gewënnt virun der CDU an der SPD a Mecklenburg an ass elo an 9 Landesparlamenter vertrueden.
A Frankräich riskéiert d’nächst Joer e rietspopulistescht Mouvement un d’Muecht ze kommen.
Ungarn mécht esou eng meschenrechtsveruechtend Politik dat et net nëmmen aus der EU, mee och nach aus dem Europarot misst ausgeschloss ginn. Polen ass net wäit dervun ewech.
All Dag brennt e Flüchtlingsheem an Däitschland. Den infekte Gestank vun de faschistesche Latrinen an Europa gëtt ëmmer méi penetrant.

An d’Emilienne lauschtert den Vico Torriani.

2016 sinn am Mëttelmier net manner wéi 3000 afrikanesch Flüchtlingen erdronk.
Amerika kritt am November entweder e beispillslosen Hypokrit oder awer - vill schlëmmer - eng Supernova vun Arroganz, Süffisanz an Dommheet als President.

An d’Emilienne lauschtert den Vico Torriani.

Déi sozial Ongerechtegkeeten an der Welt huelen ëmmer méi zou: gemäß dem Wirtschaftsnobelpräis Josef Stiglitz gehéiert 1% vun den Amerikaner méi wéi 1/3 vum Volleksverméigen.
Déi iewescht 0,1% Amerikaner verdéngen all 36 Stonnen esouvill wéi di aner 99,9% an engem Joer.

Zu Pyongyang reent et radioaktiv……

An d’Emilienne léisst sech en Tatouage brennen: «Vico» an al-gothescher Schrëft; en ass net am Schamberäich plazéiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.