Carte Blanche vum Paul EstgenFlüchtlingen hëllefen op eegene Féiss ze stoen

D’Situatioun vun de Flüchtlingen, déi elo hire Statut kruten, ass net sou einfach hei zu Lëtzebuerg. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Generell gesinn, maache mer jo zu Lëtzebuerg ganz vill vir den Accueil vun den demandeurs de protection international, den offiziellen Term fir all déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg eng Demande maachen, fir unerkannte Flüchtling ze ginn. Während der Zäit wou hir Demande ënnersicht gëtt, si se an engem Foyer ënnerbruecht, gi medezinesch versuergt a si hunn och d’Méiglechkeet fir a Sproochecoursen ze goen. Eng Hellewull vun Initiativen hëllefen hinnen och um Wee fir sech sozial a kulturell ze integréieren.

Carte Blanche: Paul Estgen (21. September)



De Problem gëtt awer méi komplex, wann dës Léit bis hire Statut kruten. Vereinfacht ausgedréckt si Si dann, wéi all aneren net EU-Auslänner och, ugewise fir eng Aarbecht an e Logement ze fannen an eleng eens ze ginn.
Dat ass natierlech net sou einfach, well vill vun hinnen nach net ganz laang zu Lëtzebuerg sinn, a sech dann all Handicappen additionéieren. Déi meescht kënne weder franséisch nach lëtzebuergesch, sou dass et extrem schwéier gëtt fir direkt eng Aarbecht ze fannen, wat awer d’Konditioun ass fir och eng Wunneng kënnen ze lounen.
 
An där Situatioun bleift hinnen dann oft keng aner Alternativ wéi den RMG unzefroen. Dat ass awer net déi richteg Léisung, well d’Leit sech net bewosst sinn, dass se eigentlech vum Sozialsystem gefaangen a kontrolléiert ginn, an et ganz schwiereg ass do erëm eraus ze kommen.
 
Et feelt definitiv un engem Integratiounskonzept fir all déi Leit, déi als Flüchtling elo hei zu Lëtzebuerg unerkannt ginn sinn. Doduerch dass Delaie vun der Prozedur deelweis méi kuerz gi sinn, sécher eng positiv Entwécklung, muss een awer drun denken, dass déi Flüchtlingen elo nach während enger gewëssener Zäit Ënnerstëtzung brauchen, fir dass si sou schnell wéi méiglech kënnen op eegenen Féiss stoen.

D’Politik muss hei en neien Akzent setzen, an deem se sech en aneren Outil schaaft, wéi den RMG. Dësen Outil muss op där enger Säit d’Sozialhëllef fir Flüchtlingen ofdecken, an op där anerer Säit d’Flüchtlinge fuerdere fir innerhalb enger gewëssener Zäit en eegestännegt d’Liewen hei zu Lëtzebuerg opzebauen.

Dat kéint zum Beispill en RMG d’Intégration sinn, ugebonnen un de anere System, mee spezifesch fir Flüchtlinge während enger éischter Zäit vun 3 bis 4 Joer. Verbonne mat der Sozialhëllef wären da Konditioune fir d’Sproochen ze léieren, ze kucke fir hir Ausbildung ze vervollstännegen oder opzefrëschen, hinnen eng éischt Beruffserfahrung ze erméiglechen iwwer eis Initiaves-pour-l’emploi’s Gesellschaften, fir sech Wëssen iwwer Lëtzebuerg unzeeegenen, a sech an der Lëtzebuerg-Gesellschaft ze integréieren. Dat alles mat enger kompetenter Begleedung duerch déi verschidde sozial Servicer, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn. Während där Zäit géife se dann och eng spezifesch Wunneng gestallt kréien. Dës Wunnenge sollte vun der ëffentlecher Hand gebaut ginn, fir net weider d’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ze verstäerken. Dësen RMG d’Intégration wär dann och op fir déi jonk erwuesse Flüchtlingen, déi nach net 25 Joer al sinn, a fir déi et am Moment iwwerhaapt keng Solutioun gëtt.

Dat ass sécher eng Investitioun an d’Zukunft, déi ons global gesi manner deier gëtt, wéi d’Leit fir ëmmer ofhängeg ze maache vun onsem Sozialsystem. Villäicht fanne sech jo e puer Politiker déi bereet sinn, nei Weeër ze goen, an ons d’Sozialsystem deenen neien Erausfuerderungen unzepassen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.