Carte Blanche vum Paul KremerPetitioun Lëtzebuergesch

Wéi de Blëtz hunn d’Lëtzebuerger sech fir eng Petitioun agedroen, fir aus eiser Sproch eis Sproch ze maachen – am Fong: eng Selbstverständlechkeet, mengt de Paul Kremer.

Stellt Iech vir, am Frankräich géif eng grouss Volleksbeweegung fuerderen: Franséisch als Landessprooch, oder an Däitschland: Mir sollen däitsch léiere kënnen, schwätzen a schreiwen. Mir géifen de Kapp rëselen. A wa mer et d’selwecht bei eis wëllen hunn, wéi si mat Recht bei sech – gehéiere mer dann op de rietsen, populistesche Rand vun der Gesellschaft?

Wuelverstan: Jo. Wuelverstan: also: richteg, an net falsch verstan. A grad sou: de rechte "Bord", also: deen, wou a wéi et sech gehéiert – an da si mer och gären “populistesch”, wat jo heesche soll: eben wéi d’Vollek. – “Wir sind das Volk” hu se mol do iwwer geruff, a mir hunn dat, zu DDR-Zäiten, gebührend bewonnert.

Am schéinsten awer vun alle Groussherzogtimmer soll dat eng Zoumuddung sinn: och nach juristesch Texter op Lëtzebuergesch ze handhaben, an zwar: zerguttst. – “Dat geet jo net”, menge sécher francophone Affekoten oder schei Magistraten.

Analog gouf virun 30, 40 Joer och nach zur Philosophie gesot, dass där hir Fachsprooch, sou wéi déi juristesch, ze "sperreg" wier, fir op Cliärrwer, Veianer oder Eechternoacher iwwersat ze ginn – sou laang, als bis e jonken Denker an en interesséierten Redakter et zesummen dach gemaach hunn. – Sot kengem et: Dee Redakter ass well Patron hei am Betrib. Et goung, an d’Leeschtung vun deemools, ass haut, wéi Handy oder Internet: eng Banalitéit, och wa se, ier se erfonnt waren, fantastesch Science-Fiction war.

Also: Lëtzebuerg, plus Lëtzebuergesch de Lëtzebuerger. Blouss een Zousaz sief erlaabt: dann awer och am Eescht, a w.e.g. e Lëtzebuerger Wuert do, wou eent ass, an net aus Bequemlechkeet – oder fahrlässeger Faulheet, dach e franséischt...

Carte Blanche vum Paul Kremer


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.