Carte Blanche vum Robert GoebbelsD'Lëtzebuergesch ass net a Gefor, awer ons Villsproochegkeet

Ugeholl, d’Chamber géif dësem Wonsch entspriechen? Wat géif sech a Wierklechkeet änneren?

Mir hätte weider e Land mat demnächst 600.000 Awunner, dovunner kaum d'Halschent Stacklëtzebuerger. Mir hätte weiderhin een Aarbechtsmaart vun iwwer 400.000 Leit, mat enger Majoritéit vun Auslänner, dorënner 170.000 Frontalier.

Mir misste weiderhi mat all dëse Leit schwätzen, op Däitsch, Franséisch, Englesch. Well ouni d’Auslänner zu Lëtzebuerg näischt méi funktionéiert.

Wann ons Administratioun, wann ons Gerichter nëmmen mat Lëtzebuergesch géife schaffen, missten awer all offiziell Dokumenter iwwersat ginn. Wo ass de Gewënn?

Mir géife Jore brauchen, fir de Mémorial, fir d’Jurisprudenz, fir den Acquis Communautaire op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Fir da festzestellen, dass mer am Ëmgang mat eisen Noperen a mat der Europäescher Union alles nees op Däitsch, Franséisch oder Englesch iwwersetze missten.

Den Patriotismus an Éieren. Mais d'Lëtzebuergesch ze verhellegen, féiert eis iergendwou hin.

D'Stäerkt vun eisem Land ass d'Villsproochegkeet. All déi kleng Länner mat eegener Sproch, Island, Irland oder Malta, gebrauchen aner Sproochen, meeschtens Englesch, fir sech international ze behaapten. Mir liewen am däitschen an am franséischen Kulturkrees. Mir musse weiderhin mat eisen Nopere schwätzen. Mat Lëtzebuergesch kommen mer net bis op Tréier oder Metz.

Et sief dann, verschidde Petitionäre wéilte sech duerch ons Sproch vun den Auslänner ofschotten, an d’Auslänner vergraulen. Zeréck zur gudder aller Zäit vum 19. Jorhonnert, wou mir zu 200.000 echt Lëtzebuerger waren. Di sech leider net selwer ernähre konnten an zu Zéngdausenden ausgewandert sinn.

Lëtzebuergesch ass iwwregens eréischt mat der Integratioun an d’Europäesch Union eng Kultursproch ginn. D’Lëtzebuerger Kulturszene ass haut räich. Et gouf nach ni esou vill Literatur, Theater, Lidder, Kino an aner Konscht op Lëtzebuergesch, ewéi grad elo. Fir wat also déi Opreegung em eis Sprooch? Si ass net bedrot. A Gefor ass nëmmen dat gutt Zesummeliewen am Ländchen.

29/09/2016 Carte Blanche M.GOEBBELS



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.