Carte Blanche vum Magali PaulusOppe Grenzen, oppe Geeschter

Europa mécht seng Grenzen ëmmer méi zou fir déi Leit, déi Schutz brauchen auszeschléissen. Dat ka keng Léisung sinn fir eng nohalteg a friddlech Welt.

Mir mussen ëmdenken a méi wäit wéi eis eegen Nues kucken. D'Magali Paulus schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Gereest sinn ech ëmmer gär zanter dass ech kleng sinn. Mam Fliger, mam Zuch, mam Auto, mam Vëlo, egal wéi an egal wouhin, Haaptsaach fort an nei Géigenden, Kulturen a Mënschen entdecken. Ech ka mech nach erënneren wéi et Grenzen an Europa goufen, wa mer mam Auto op der Grenz stoe bliwwe sinn, fir den Douanieren Pabeieren ze weisen. Dat ass laang hier a vill Leit zu Lëtzebuerg kënne sech vläicht guer net méi drun erënneren.

Virun 2 Wochen war ech zu Madrid. Ech sinn um Findel an de Fliger geklommen an hunn do virun der Securitéitskontroll kuerz meng Carte d'Identité gewisen an duerno net méi, weder zu Frankfurt nach zu Madrid. Vill Mënschen op der Welt kënne sech dat net virstellen, wat dat eng Chance ass, déi mir Europäer hunn, well et Visionären gouf, déi 1985 op engem Schëff op der Musel bei Schengen Accorden ënnerschriwwen hunn. Des Accorden sinn elo vu populisteschen, konservativen, demokratesch gewielten an esouguer sozialisteschen Politiker a Fro gestalt an deelweis opgehuewen ginn a kee reegt sech op, kee geet an d'Strooss, well mir Europäer eis « schütze » mussen, well mer Joerhonnerten laang all déi aner Populatiounen op der Welt ausgenotzt an ausgeblutt hunn an elo iwwerrascht sinn, dass vill vun hinnen aus purem Desespoir op eis Grenzen kommen a Schutz sichen…

Mee mir stellen eis keng Froen méi iwwert Gerechtegkeet. Sozial a Steiergerechtegkeet sinn inexistent an den meeschte Rieden. Mir ginn zougeschott vun Neiegkeeten, vun Entertainment, fir dass mer nëmmen net méi nodenken. Den ganzen Summer war den Haaptbegrëff de Burkini, mee dass 3100 Leit an 8 Méint am Mëttelmier gestuerwe sinn, dat geet jo keen eppes un, mee eis Fräiheeten sinn duerch en Kleedungsstéck bedreeën.

Mee et ass net alles negativ. Wéi ech elo zu Madrid war, hunn ech mech mat Leit aus Spuenien, Portugal, Bulgarien, Slowenien, Zypern, Malta, Ungarn, Éisträich, Däitschland a Benelux zesummegesat, fir un engem europäesche Projet ze schaffen fir d'Education à la citoyenneté an all deene Länner ze stäerken. Well et ass andeems Bierger sech responsabiliséieren, sech hirer Plaz an hire verschidde Gesellschafte bewosst ginn a sech sozial engagéieren, dass mer kennen op eng méi gerëscht an eng méi friddlech Welt hoffen. Et ginn ëmmer méi Leit, déi sech beméie Brécken statt Maueren ze bauen.

Et ass nëmmen andeems mer eis Grenzen opmaachen an den Mënschen erlaben an Dignitéit a Sécherheet e gutt Liewen ze sichen, well se an hirer Heemecht keng Perspektiven an mënschewierdeg Méiglechkeeten hunn, dass mer deem Europa, dat mer viru 70 Joer gegrënnt hunn, gerëscht ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.