Carte Blanche vum Patrick MichaelyWëssenschaftlech kreativ

Kreativitéit zeechent net nëmme genial Kënschtler, mä genee esou genial Wëssenschaftler aus. ‘t ass just seelen, datt vun engem kreative Moment beim Wëssenschaftler geschwat gëtt. Bei der kënschtlecher Leeschtung gëtt nämlech meeschtens d’Persoun matgenannt, bei der wëssenschaftlecher Leeschtung net. Firwat eigentlech, freet sech de Patrick Michaely a senger Carte Blanche.

Kennt Dir den Yoshinori Ohsumi ? Nee, also ‘t ass keng Figur aus der Nintendo-Welt. Schonns eng Kéier eppes vum David Thouless, Duncan Haldane a Michael Kosterlitz héieren ? Nee, och net? ‘t si keng Basketspiller aus der NBA! Esou Nimm wéi Jean-Pierre Sauvage, James Fraser Stoddart a Bernard Feringa wäerten Iech heechstwahrscheinlech dann och näischt soen. Also, och wann et sech vläicht esou unhéiert:  nee, ‘t si keng 3-Stäre-Käch aus Top-Restauranten ze Paräis, New York oder Barcelona.

Ganz éierlech, virun e puer Deeg waren dës Leit och mir komplett onbekannt. An dach gehéiere se zënter Joren zu deene bekanntesten an hirer Zunft. D’lescht Woch si se dann och an den Olymp vun dëser opgeholl ginn. Elo kënnt Dir Iech et bestëmmt denken: Majo natierlech: et sinn d’Medezins, d’Physiks- an d’Chimiesnobelpräisträger vun dësem Joer. Si si fir hir jorelaang Fuerschung an esou Gebidder wéi der Autophagie vun Zellen, der theoretescher Festkierperphysik an der Entwécklung vu molekulare Maschinne belount ginn.

Wann Der mech awer elo géift zum Beispill no de Präisträger an der Physik vun de leschte Joer froen, misst ech allerdéngs nees passen, vläicht mat Ausnahm vum extrem mediatiséierte Peter Higgs géif mir keen afalen. Ganz aneschters bei de Präisträger an der Literatur! Déi meescht kennt een tatsächlech, a bei enger ganzer Rei kënne souguer Net-Literaturexperten e Wierk mat der Persoun verbannen, a vice-versa. Dat gëllt awer net nëmme fir eng Nobelpräiskategorie wéi d’Literatur, mä och fir aner Konschtdisziplinne wéi d’Musik, d’Molerei, den Danz oder den Art contemporain. Bei der kënschtlecher Leeschtung kënnt also d’Persoun mat, bei der wëssenschaftlecher Leeschtung net. Dat huet net onbedéngt eppes domadder ze dinn, datt Wëssenschaftler vun Natur méi bescheide wieren. Et ginn och hei grouss Egoen. Mä de Kënschtler, dee steet do als Individuum, als eng Perséinlechkeet, déi Gefiller huet, se spiert, se auslieft, ausdréckt. Hie gëtt vun den Emotiounen gedroen a gëllt als kreativ. Leidenschaft pur also.

Ganz aneschters bei de seriéise Wëssenschaften. Et gëtt allgemeng ugeholl - an do ass d’Wëssenschaftsvermëttlung net onschëlleg drun - datt Wëssenschaft gemaach gëtt vun Akademien, Universitéiten oder soss Institutioune mat groussen Equipen a risege Laboen. A wann eng Aarbecht net vun engem Dokter A gemaach gëtt, da gëtt se halt vun engem Dokter B erleedegt. Ersetzbar Fonctionnairë quasi. Wéineg Leidenschaft also.

Mä och d’Wëssenschaft lieft vun individuelle kreative Momenter. Well Top-Fuerschung ass méi wéi just d’Entdeckung vun eppes am Mikro- oder Makrokosmos, dat just drop waart, datt een zoufälleg driwwer trëllt. Et baut een net déi klengste Maschinne vun der Welt esou wéi de virdru genannte Fransous Jean-Pierre Sauvage, de Schott James Fraser Stoddart an den Hollänner Bernard Feringa, wann een net kapabel ass déi gewinnten Denkmusteren- a kategorien ze verloossen. Mä och d’Wëssenschaftlsvermëttlung wier gutt beroden, d’wëssenschaftlech Kreativitéit méi un eenzelne Persounen an hiren Emotioune festzeman. Et versteet een nämlech net nëmme mam Kapp, mä och mam Häerz. D’Fantasie ass méi wichteg wéi d’Wëssen, huet schonns den Einstein gesot.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.