Carte Blanche vum Marc MullerWësse wouhin e wëll, dat motivéiert

D’Lëtzebuerger Regierung léisst sech aktuell vum Amerikaner Jeremy Rifkin beroden, fir am Kader vun der 3. Industrieller Revolutioun en neie Wirtschaftsmodell an domatt e neit wirtschaftlecht Standbee fir eist Land ze erschafen. D’Populatioun a besonnesch déi Jonk ze informéieren an esou mat op dëse Wee ze huelen, schéngt dem Economist Marc Muller onerlässlech, bedauert awer a senger Carte blanche, datt d’Kommunikatioun doriwwer quasiment inexistent ass.

Wësse wouhin e wëll, dat motivéiert! Mä, grad dëst ass an enger Welt, déi sech all Dag verännert, wou d’Konkurrenz omnipräsent a Lëtzebuerg keng isoléiert Insel méi ass, net einfach.

Radikal Verännerungen, wéi d’Stolkris an de 70er Joren oder den aktuellen Antrëtt an eng digital Industrie 4.0 (also d’Vernetzung vun der industrieller Produktioun mat der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik) veronsécheren d’Mënschen a blockéiere se. Wéi beim Wieder, kënnege sech grouss Verännerungen oft duerch e staarke Wand un. Dësen neien a frësche Wand bitt awer, wann een d’Segele fréi genuch a richteg setzt, d'Méiglechkeet sech an nei a fruchtbar Gewässer ze bewegen.

D‘Mënsche bei groussen d’Verännerunge mat an d‘Boot ze huelen, heescht couragéiert a mat kloren Entscheedungen d’Weiche fir d’Zukunft richteg ze stellen, hinnen des Verännerungen an de Kurswiessel ze erklären an d‘Chancen opzeweisen. D‘Weiche goufe vum Wirtschaftsministère mam Schafe vu neie Wirtschafts-Clustere wéi ICT, life-ciences an eco-technologies richteg gestallt. Konkret a verständlech mam Bierger kommunizéiert gëtt awer net. Besonnesch dramatesch ass dëst am Enseignement de Fall, wou et konsequent verpasst gëtt, eiser Jugend déi nei Wirtschaftssecteuren an –aktivitéite mat de néidege Qualifikatiounen a villfältege Beruffer vun der Zukunft virzestellen.

Wësse wouhin ee wëll, dat motivéiert! Dat ze wëssen ass also fir vill Lycées-Schüler an dësen Zäiten net liicht, well keen hinnen de radikalen technologeschen a wirtschaftleche Schrëtt an en neit Zäitalter vermëttelt, well keen hinnen hir berufflech Méiglechkeete pädagogesch a lieweg opweist, well kaum Kontakt mat der Wirtschaft besteet an esou keen deene Jonke richteg Loscht op hir villverspriechend berufflech Zukunft mécht! Dëst ass e Verloscht fir d’Lëtzebuerger Economie, déi dringend Aarbechtskräfte mat de passende Qualifikatioune brauch an eng Gefor fir vill Jonker, déi onmotivéiert déi falsch Formatioune wielen an esou hir berufflech Zukunft riskéieren ze verspillen.

Konkret: Tëscht der Schoul, besonnesch de Lycées classiques, an der Wirtschaft & Fuerschung, feelt eng strukturéiert an aktiv Vernetzung a Form vu Stagen, Visites d’entreprises a Presentatiounen. E puer gutt Initiative bestinn, anerer wéi „hellofuture“ vun der Fedil sinn um Entstoen. Et gëtt awer verpasst des Initiativen, ausserhalb vum Educatiounsministère, onofhängeg a secteuriwergräifend ze koordinéieren, fir se wierklech ALLE Schüler an ALLE Lycée’en efficace a qualitéitsgepréift unzebidden an domat niewebäi nach e Beitrag zur Chancëgläichheet ze leeschten.

Mat dëser Schoulrentrée huet den Educatiounsministère de Lycée’e méi Autonomie an der Gestaltung vun hirem pädagogeschen a fachleche Profil ginn an domatt och d’Verantwortung wiert d’zukünfteg Orientatioun a Qualifikatioun vun eiser Jugend zumindest deelweis aus der Hand ginn. Domatt lancéiert den Educatiounsministère bewosst oder onbewosst e Konkurrenzkampf tëscht de Lycée’en an tëscht den eenzele Fächer an de jeeweilegen d’Lycée’en.

En Argument méi, fir grad de wichtege Kontakt mat der Wirtschaft & Fuerschung am Kader vun der Schülerorientatioun a -motivatioun, net och de Lycée’en individuell ze iwwerloosse, mä enger zielféirender asbl oder Fondatioun mat alle wichtegen Acteuren an hirem Conseil d’Administration an enger engagéierter a pragmatescher Equipe um Terrain.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.