Carte Blanche vum Michel MaquilTrotz Brexit dierf Mikrofinanz hir Prioritéit net verléieren

De Brexit stellt déi europäesch Banken a Finanzinstituter viru nei grouss Erausfuerderungen an dat grad an engem Moment, wou dës nach laang net all Folge vun der leschter Finanzkris iwwerwonnen hunn. Och wa sech eng Rei Finanzplaze schonn Hoffnunge maachen, fir vläicht dowéinst nei Aktivitéite bei sech ze kréien, mussen déi awer och elo oppassen, datt um Niveau vu groussen Haiser aner Aktivitéite wéi z.B. d'Mikrofinanz net an d'Hannertreffe kommen .

Wéi den 23. Juni déi englesch Wieler ganz onerwaart fir de Brexit gestëmmt hunn, gouf och déi weltwäit Finanzindustrie um falsche Fouss erwëscht. Et hat keen esou ee Resultat erwaart an et waren och keng Virbereedunge fir esou eng Eventualitéit getraff ginn.

Grouss international Banken an Finanzinstituter hu sech nämlech an der englescher Haaptstad niddergelooss, fir vun de villen Avantagen ze profitéieren, déi dës Plaz bitt. Hei kënne si hir Aktivitéite gutt entfalen a gläichzäiteg vun de Virdeeler vum “marché unique européen”  profitéieren, fir Clienten aus aneren europäesche Länner ze bedéngen. Esou konnt London sech ganz erfollegräich iwwer Joerzéngte konsequent als eng Finanzplaz vu Weltformat entwéckelen.

Duerch de Brexit muss dee “business model” kuerzfristeg iwwerduecht an un déi nei Realitéit ugepasst ginn. Well wéineg Leit weder mat kuerzen nach mat einfache Verhandlunge rechnen, fir den Austrëtt vun England aus der EU ze reegelen, wäert sech och nach eng relativ laang Zäit vu groussen Onsécherheeten erginn, bis dee neie Kader steet.

Elo muss een nach derbäi soen, dass de Brexit besonnesch déi europäesch Finanzwelt op engem ganz schlechte Moment trëfft, well se nach ëmmer un de Konsequenze vun der Finanzkris vun 2008 leit, wat sech an enger schwaacher Rentabilitéit vu ville Banken a Finanzinstituter erëmspigelt. Esou si bei villen europäeschen Haiser déi dringend néideg Restrukturatiounen nach guer net ofgeschloss.

Sécher maache sech eng Rei Finanzplazen aus aneren EU-Länner zu Recht Hoffnungen, fir elo nei Aktivitéite vu London eriwwer ze kréien, mä dat verlaangt vill Ustrengunge vun deenen Haiser an dat lenkt dann och nach vun aneren Aktivitéiten of.

Derzou mussen déi Finanzinstituter gezwongenermoossen hir Aktivitéite relativ kuerzfristeg ëmschichten, wat op d'mannst zäitweileg wesentlech méi Käschte generéiert a weider negativ Konsequenzen op hir Rentabilitéit kritt.

Deem géintiwwer kënnen déi Avantagen, déi op enger anerer Finanzplaz kënnen entstoen, well do nei Aktivitéiten ugesidelt ginn, dach kleng erschéngen, nieft den héijen Onkäschten, déi duerch de Brexit bei de groussen Haiser entstinn.

An deem Kontext musse sech besonnesch d'Akteuren aus der Mikrofinanz an all hire Variante Gedanke maachen, wéi et mat hinne weider geet. Et muss ee schonn unerkennen, datt an de läschte Joere vun enger Rei Finanzinstituter d'Mikrofinanz staark ënnerstëtzt ginn ass an och relativ vill an déi Branche investéiert gouf. Elo lauert d'Gefor, datt duerch all déi Ustrengungen, déi elo ënnerholl ginn, fir de Konsequenze vum Brexit ze begéinen, d'Mikrofinanz an Hannerdreiwe kënnt oder dann net méi déi Prioritéit behält, déi se elo nach huet.

All Akteure vun der Mikrofinanz musse sech deem bewosst sinn a sech doropper astellen. Et gëllt vun alle Säiten, déi néideg Ustrengungen ze ënnerhuelen, fir datt d'Mikrofinanz och nach weider déi Bedeitung behale kann, déi se an de läschte Joren opgebaut huet an déi och bluttnéideg ass am Kampf géint d'Aarmut.

Michel MAQUIL
Fräie Finanzberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

D'Carte Blanche vum Michel Maquil



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.