Carte Blanche vum Marc SchiltzDéiereversich an der Fuerschung an hir Alternativen

Medezinesche Fortschrëtt berout dacks op Déiereversich. Ma Déiereversich sinn ëmstridden. Wou si mer mat den Alternativen drun? Wéi sinn Déiereversich gereegelt? An a wéi engem Dilemma stiechen d’Fuerscher? Doriwwer eng Carte Blanche vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR:

Wie gouf scho mol operéiert a krut eng Blutttransfusioun? Wee kennt een, dee mat Kriibs geheelt gouf? Dëst si just 2 Beispiller vu villen, wou medezinesch Fortschrëtter mat Hëllef vun Déiereversich erreecht goufen. Op déi meescht Errongenschafte wéilte mer haut wuel kaum méi verzichten.

Kengem – och kengem Wëssenschaftler – maachen Déiereversich Spaass. Ma wa mer medezinesche Fortschrëtt weiderhi wëllen, si mer an engem moraleschen Dilemma:

Engersäits hu mir Mënschen a Wëssenschaftler eng moralesch Verflichtung, fir d’Rechter vun den Déieren ze schützen. Anerersäits wëlle mer nei Therapie eréischt dann um Mënsch ausprobéieren, wann mer  mat beschtem Gewësse kënne soen, se wiere wierksam an onbedenklech.

Dat ultimatiivt Ziel ass, fir un Alternativen ze fuerschen, fir dass mer keng Déiereversich méi brauchen.

An dësem Gebitt ginn et och scho vill Fortschrëtter, och hei zu Lëtzebuerg. Um Luxembourg Centre for Systems Biomedecine hu Fuerscher z.B. eng Aart kënschtlechen Daarm entwéckelt. Dësen erlaabt et Experimenter  duerchzeféieren, an engem ähnlechen Ëmfeld wéi an engem liewegen Organismus.

Ma et ginn awer nach vill Fäll wou d’Alternativen zu den Déiereversich net fiabel genuch sinn. An hei gëllt, dass d’Wëssenschaft sech selwer streng Reegele gëtt. An dat ass och de Fall!

Déiereversich sinn nëmmen erlaabt, wann et dofir e vertrietbaren Notzen a keng alternativ Methode gëtt. Zanter 2013 ass et z.B. an Europa net méi erlaabt Déiereversich fir Kosmetik duerchzeféieren.

Ausserdeem gëllt an der Wëssenschaft d’Reegel vun den 3 R: Replace, reduce, refine. Wa méiglech sollen Déiereversich ersat ginn duerch alternativ Methoden. Wann dat net méiglech ass, soll d’Unzuel un Déieren sou wäit wéi méiglech reduzéiert ginn. A schliisslech sollen d’Liewensbedingunge vun den Déiere sou angenehm wéi méiglech gestalt ginn – wat alles duerch eng EU-Direktiv diktéiert gëtt.

Och zu Lëtzebuerg ginn Déiereversich gemaach, an de Fuerschungsberäicher Kriibs, Nervesystem, Immunsystem an Häerzkreeslafsystem. D’Déieren déi hei agesat gi, sinn ausschliisslech Mais, Raten an Zebrafësch. D‘Fuerscher musse fir all Projet deen Déiereversich involvéiert, eng Erlaabnis vum Ministère de l’Agriculture an dem Ministère de la Santé kréien.

D'Ministère kontrolléieren, ob d’Déiereversich wierklech néideg sinn, an ob d’Virgabe vun der EU Direktiv agehale ginn. Virdrun evaluéiert och schonn en Ethikcomité um Fuerschungsinstitut de Projet a steet de Fuerscher mat Rot zur Säit.

All des Reegele weisen: Och de Wëssenschaftler läit d’Wuel vun den Déieren um Häerz. A si sinn sech dem moraleschen Dilemma wuel bewosst. Wéi ugangs gesot ass et elo d’Ziel laangfristeg Déiereversich duerch alternativ Methoden ze ersetzen. Ob a wéini dat wäert méiglech sinn, bleift ze gesinn. An der Tëschenzäit gëllt et,oppen iwwer Déiereversich ze kommunizéieren. Dofir och des Carte Blanche.

 

Carte Blanche Marc Schiltz


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.