Carte Blanche vum Robert UrbéD’Aarmut geet zréck?

Geet d’Aarmut zréck? Oder wat seet eis deen neiste Rapport vum Statec dozou? Et gëtt nach ëmmer Kategorië vun der Bevëlkerung, deenen et méi schlecht geet wéi aneren, an dozou gehéiere weiderhin d’Kanner, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.

D’lescht Woch, de 17. Oktober war den Internationalen Dag fir d’Beseitegung vun der Aarmut. Pénktlech wéi all Joer huet de Statec e puer Deeg virdru säi Rapport Travail et Cohésion sociale publizéiert. Doranner steet, den Aarmutsrisiko wier tëscht 2014 an 2015 vu 16,4% op 15,3% erofgaangen.

Heescht dat da lo, et geet eis besser?

Also, et dréint sech jo hei ëm eng statistesch Zuel, déi opgrond vun enger Stéchprouf vun 3.456 Haushalte gerechent gouf. Dat heescht, datt déi Zuel mat enger gewësse Wahrscheinlechkeet zoutrëfft, méi och net. Et sief hei och widderholl, datt an där Stéchprouf do nëmme sougenannten “normal” Haushalten dra sinn, also Leit an Altersheimer, Kannerheemer oder Obdachlosenasyler asw. net mat gefrot ginn.

Da muss een als nächst feststellen, datt den Aarmutsrisiko och mat 15,3% nach ëmmer héich ass: an 13 Länner an Europa ass e méi niddereg, dorënner an zwee vun eisen dräi Nopeschlänner! An datt en zënter 1996 mat Schwankungen bestänneg an d’Luucht goung: eng Zuel, déi fir ee Joer méi niddereg ass, seet do nach näischt aus! Dat hate mer fir d’lescht 2011, wou e vu 14,5 op 13,6% erofgaange war, fir dunn di nächst Joren op 15,1, 15,9 a 16,4% ze klammen.

Dann huet sech och näischt dru geännert, datt bestëmmte Kategorië vun der Bevëlkerung méi schlecht do sti wéi anerer. An dat sinn déi selwecht wéi di Jore virdrun: Kanner ënner 18 Joer mat 21,5%, Auslänner mat 22,3%, Leit mat enger niddereger Qualifikatioun mat 19,2%, Aarbechtsloser mat 42,7%, Famillje mat méi wéi 2 Kanner mat 23,7% a besonnesch Monoparentalen mat 44,9%. Do kéint ee jo dann dervun ofleeden, wou eng Regierung politesch aktiv misst ginn. Dat ass mat der Steierreform geschitt, wat d’Monoparentalen ubelaangt, och wann dat hätt kënne méi wäit goen. Dat steet och am Regierungsprogramm, wat d’Kanner an den RMG-Haushalter betrëfft, an dat soll demnächst kommen. Do ass awer och mat der Reform vum Kannergeld de Géigendeel geschitt. An: eis Schoul bréngt et nach ëmmer net fäerdeg, datt déi Jugendlech méi héich Qualifikatiounen hu, wann se d’Schoul verloossen. Bei den Aarbechtslosen dogéint ass ee gewësse Réckgang um Aarbechtsmarché festzestellen, an do goung och den Aarmutsrisiko vun den Aarbechtslosen lo zréck.

Da gëllt och, datt d’Halschent vun deenen ënner dem Aarmutsrisiko nëmme maximal 83% ënner dem Seuil vun 1.763 EUR leien, dat waren der d’lescht Joer nach ronn 84%. Wann déi Zuele lo genau wieren, da géif dat heeschen, datt et zwar manner Aarmer ginn, mee déi sinn awer liicht méi aarm. Mee mir hu jo uewe gesinn, sou genau sinn déi Zuelen net, si missten da schonn iwwer e puer Joer an déi selwecht Richtung weisen, fir datt een doranner kéint en Trend gesinn. Do musse mer dann also di nächst Joren ofwaarden.

Grondsätzlech awer kënne mer festhalen: et bleiwe grouss Inegalitéite bestoen an d’Politik ka sech nach laang net ausrouen!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.