Carte Blanche vum Roland PinnelÄddi «Nation Branding», Moie «Signatur»

D’lescht Woch war an de Rotonden eng Presentatioun, wou gewise ginn ass, wéi Lëtzebuerg sech an Zukunft no bausse besser duerstelle wëll. Zu dëser neier Campagne huet de Roland Pinnel sech e puer Gedanke gemaach.

Léif Botschafterinnen,
Léif Botschafter,

Oder muss ech soen?

Léif Ambassadricen a léif Ambassadeuren,

Egal. Et ass op alle Fall esou, dass mir jo all zënter der leschter Woch Ambassadeure sinn. Wéi huet et nämlech bei där grousser Presentatiounskonferenz vum neien « image » vum Land geheescht ? Déi eenzeg valabel Botschafter fir eist Land an Europa an an der Welt si mir selwer – mir alleguer.

Jidderee vun eis ass also elo Botschafter.

Carte Blanche: Roland Pinnel (19. Oktober)


A wat ass eis Botschaft oder - fir et am moderne Jargon ze soen – «what’s the message»? Majo, mir sollen déi Valeuren, déi Lëtzebuerg ausmaachen, no baussen droen. An dat wären déi dräi Eegenschaften Oppenheet, Zouverlässegkeet an Dynamik.

A wéi solle mer dee Message «véhiculéieren» ? Ma iwwert eng nei Typographie vum Numm Lëtzebuerg – pardon -  
L U X E M B O U R G   mat dem Ënnertitel
«LET’S MAKE IT HAPPEN».

Ech ginn einfach d’Gefill vum «déjà vu» net lass. Ersetze mer dach deen ale Logo « .LU » vum Schrëftzuch LUXEMBOURG duerch - wéi een dat nennt - en «accident graphique». An zwar duerch en ëmmodeléierten rout bloen « X ». Dat Ganzt ergänzt duerch déi sougenannten «tagline» «LET’S MAKE IT HAPPEN». Eng Ausso, déi iwwregens - ënner Ëmstänn - méi wéi ambivalent ka sinn.

Et kann een déi nei visuell Identitéit vum Land elo gutt oder schlecht fannen, originell oder flaach, super oder schwaach.

Am Däitsche gëtt et e flott Bild, dat nawell eenegermoossen dat erëmgëtt, wat ech bei dëser neier visueller Communicatioun spieren: « Der Berg kreißte und gebar … eine Maus ». Oder,  er gebar einen « X ». Et sief. D’Haaptsaach schéngt ze sinn, «er gebar».

Datt mir eis net falsch verstinn! Selbstverständlech ass d’Iddi, dem Land en neie « claim » ze ginn, eng gutt Saach. Et ass jo och héich Zäit ginn, datt eppes geschitt ass. Ëmmerhin hu mer fir dee Projet eng Gestatiounszäit gehat vu bal 20 Joer.

D’Fro bleift allerdéngs, ob deen neie Visuell - oder wéi et richteg heescht - déi nei «signature» dat erëmspigelt , wat Lëtzebuerg wëll sinn. Oder nach besser, wat Lëtzebuerg tatsächlech ass. Mol kucken, wéi si vun de Lëtzebuerger opgeholl an ëmgesat gëtt. Och ënnert anerem vun institutionnelle Partner, wéi Gemengeverwaltungen oder soss ëffentlech Träger.

Doriwwer eraus geet et awer haaptsächlech ëm d’Perceptioun vun eisem Land aus der Siicht vun de Leit dobaussen am Ausland. Sou wéi   s i    eis gesinn a wat   s i   vun eis denken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.