Carte Blanche vum Paul RauchsWéi seet ee Petitioun eigentlech op Lëtzebuergesch?

Um Méindeg leeft den Delai of, fir d'Petitioun 698 ze ënnerschreiwen. Grond genuch fir de Paul Rauchs, sech e puer Gedanken iwwer eis Lëtzebuerger Sprooch ze maachen.

Wéi seet ee Petitioun eigentlech op Lëtzebuergesch? Hausdéieruerdnung, Fuerzlëscht oder vläicht Klengtioun? Dës zouginn e bësse lächerlech Fro beweist, wéi absurd et ass, eis Lëtzebuerger Mammesprooch zu enger Pappesprooch ze maachen, zu der 1. nationaler Amtssprooch, wéi d’Petitioun 698 et verlaangt, fir déi haut iwwregens de Schlussdag ass, fir se nach ze ënnerschreiwen. Schonn den Text vun dem Lucien Welter senger Petitioun beleet d’Onméiglechkeet vu sengem Uleies: En enthält nämlech eng Hellewull vu franséischen an däitsche Gaaschtwierder an ass an enger ganz approximativer an dofir och sympathescher Orthographie geschriwwen. Eng Sprooch léisst sech nun emol net vun uewen erof dekretéieren. Mir herrschen iwwer keng Sprooch, ganz einfach wëll d’Sprooch eis beherrscht, wëll si Här a Meeschter iwwer eist Denken an eis Psyche ass. An anere Wierder: Wien d’Sprooch legiferéiere wëll, dee wëllt och, bewosst oder onbewosst, iwwer dee legiferéieren, deen déi Sprooch schwätzt. D'Beschäftegung mat Dialekter a regionale Sproochen ass also ëmmer och e politeschen Akt. De Ruff no hirer Opwäertung koum an de 70er-Joren aus dem lénks-kulturelle Lager an huet sech dann zënter den 90er-Joren an dem rietsen jo souguer extremrietse politesche Bord verluer.

Mir hunn eis Mammesprooch mat der Mammemëllech eragesuckelt. Mir schwätze se, wéi de Mond eis gewuess ass a mir schreiwe se eigentlech eréischt (vun e puer brillante Kënschtler a Schrëftsteller ofgesinn) zënter mer E-Mailen an SMSe verschécken. D'Lëtzebuergescht huet also aus eegener Kraaft eng grouss a sécher Zukunft viru sech a brauch net vu guttgemengte Polizisten ënner d'Äerm gegraff ze kréien, déi och geschwë fuerderen, dass eis Kanner net méi Kevin, Steve oder Jessica heeschen däerfen, mä erëm Pit, Jemp a Maria. D'Lëtzebuergescht brauch och net vu populistesche Politiker als eng weider offiziell EU-Sprooch gepusht ze ginn, vu Politiker, déi wuel mengen, dass d’Sprooch näischt anescht ass wéi en Dialekt, deen et zu eppes bruecht huet, dank politescher Lobbyaarbecht.

Also solle mer dach einfach stolz a frou mat eiser dialektescher Sprooch sinn, se net als en Instrument vun Ausgrenzung benotzen a se net an e Prisong vu Gesetzer a Regele stiechen. Fuere mer dach einfach weider mat hir ze spillen, englesch, franséisch an däitsch Wierder ze gebrauchen a vergiesse mer net, datt déi flottst a gewëtzt Lëtzebuerger Wierder aus dem Jéinesche kommen, der Sprooch vun de Weimeschkiercher Lompekréimer, déi och iergendwéi Famill mam Jiddeschen ass. Eis Sprooch huet ëmmer friem Wierder opgeholl, wéi eist Land ëmmer friem Aarbechter opgeholl huet a wéi eis Kachdëppen ëmmer friemt Iesse matgekacht hunn. 't ass iwwregens net fir näischt, dass de Fransous, dee jo anscheinend eppes vu Gastronomie versteet, nëmmen ee Wuert fir Sprooch a fir Zong kennt.

An do drop hi ginn ech elo mat menger Moss e Croissant iessen an en Espresso drénken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.