Carte Blanche vum Jean-Luc ThillPolitesch Hermeneutik

Politesch Hermeneutik oder versteet Politik selwer nach wat se seet – dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Hermeneutik – kléngt schwéier ass et awer net. De Beweis: Souguer Politiker kennen et. Berühmtst Beispill heiheem: E Buergermeeschter, dee virun de Wahle versprécht an deem Amt ze bleiwen a scho guer net fir de Poste vum Premier zur Verfügung ze stoen – fir no de Wahle genee dat ze ginn: nämlech Premierminister. Dir braucht nach e Beispill: den Premier bis – also de Vize – wann déi ultimativ politesch Innovatioun op eemol reaktionär muss ginn: sou geschitt dem Spuerpak.

Carte Blanche: Jean-Luc Thill (26. Oktober)


An d'Hermeneutik an deem Ganzen? Vun där geet ëmmer rieds wann et ëm Interpretatioun a Verstoe vun Texter, Zeechen a Symboler geet – en uraalt Geschäft. Eis national Politik huet doranner deelweis eng laang Traditioun. Ënner anerem, a fir d'lescht bei der Wahl vun der CSV hirem Spëtzekandidat 2018, kritt de Lëtzebuerger Wieler erkläert säi Wëllen, also de Wielerwëllen, géif entscheede wéi d'Regierung ausgesäit. Am Text steet eigentlech, datt de Wielerwëllen, wann iwwerhaapt, entscheet wien an der Chamber sëtzt, oder kéint sëtzen, well et muss een d'Wiel net unhuelen. De Grand-Duc decidéiert wien an der Regierung sëtzt. Datt dëst mat Chamberwahlen eppes ze dinn huet, dat ass bedriwwen Hermeneutik, heiheem och nach gären als gentlemen's agreement bezeechent. Bescht Beispill: de Respekt vum Wielerwëllen a Gambia. An dës Lescht, also verstanen als Symbol fir eis aktuell Regierung, ass Weltmeeschter am Ausleeë vun Texter. Rezent Beispill: déi blann Justizia muss feststellen, datt Educatioun sech net un déi eege Gesetzer hält an hermeneutesch gëtt schnell kloer gestallt: et wier just e Problem mat der Form an net mam Fong – nom Motto all Gesetzer sinn equal a verschiddener ebe more equal – an iwwerhaapt géif sech och net dru gehale ginn! Wéi w.e.g. soll een dat verstoen? Och bei deem aner Fong ass d'Form de Problem – Stéchwuert Kierchefabrécken. Déi sinn doriwwer eraus och genervt, well bis ewell wär d'Hermeneutik ee vun hire Kärgeschäfter mat Usproch op Exklusivitéit.

Och op anere Plaze gëtt d'Regierung et net midd grouss Register ze zéien. Am Projet de Loi vum Congé parental ass op der Säit 5 op en neits vun engem Paradigmewiessel rieds. Dem Auteur vun dem Konzept, dem Thomas Kuhn, géifen d'Dronkenellen ausgoen – well säin „paradigm-shift“, wéi et am Original heescht huet domadder näischt ze dinn - ausser et bedreift ee politesch Hermeneutik. Ironie vum Schicksal: elo schwätzt souguer déi gréisst Oppositiounspartei vun engem Paradigmewiessel, an zwar vum ugekënnegte Paradigmewiessel vun der Regierung - mä wou si mer dann? Wann iwwerhaapt da kléngt dat éischter wéi eng bëlleg bedriwwe Falsifikationsstrategie à la Popper.

Toppe kann dat just nach de Finanzminister: deem geet en einfache Paradigme-Wiessel net wäit genuch a schwätzt vun enger richteger kopernikaneschen Wend an der Budgetspolitik. - fir d'éischt gefuerdert 2008 vun der Chambre de Commerce wär se du fir 2015 geplangt, fir elo definitiv 2017 ze geschéien. Fir dat d'Land dann 2018 héchstwahrscheinlech wierklech eng Wend erlieft – awer keng kopernikanesch dofir eng ptolomäesch – wann de fréieren, also ale Modell, vläicht erëm virun der Dier steet – et sief dann déi hermeneutesch Rechnung mat de Wahlkaddoe geet op. Mam groussen Opklärer Immanuel Kant huet dat op en neits näischt ze dinn – mä wie ka sech an den haarden Zäite vum aktuelle politesche Geschäft nach akademesche Respekt a wëssenschaftlech Rigueur leeschten?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.