Carte Blanche vum Paul Hammelmann« J’ai survécu à ma mort »

D’Associatioun « Témoins de la 2e génération » ass um 1. November vun hirer 20. Rees op Ausschwitz zréckkomm. Eng Rees, déi all Joer enge 50 Schüler aus Lëtzebuerger Lycéeën a Präsenz vun Zäitzeien erlaabt, sech op der Plaz e Bild ze maachen, zu wat Mënsche fäheg sinn, wann d’Ëmstänn et méiglech maachen an e verbriechereche Regime un der Muecht ass. De Paul Hammelmann, Member vun der Associatioun, beliicht en Aspekt vum KZ-Liewe vun deem eigentlech net geschwat gëtt.

Carte Blanche Paul Hammelmann



De Film « J’ai survécu à ma mort », dee schonn 1960 gedréit gouf, an elo kuerz a restauréierter Versioun als DVD erauskoum, erzielt op eng bescheiden, onheemlech a realistesch Manéier d’Lagerliewen am KZ Mauthausen, op Basis vun den deemools nach zuelräichen Temoignagë vun Iwwerliewenden.

De Film beschreift d’Inhaftéierung vun engem Spuenien-Kämpfer, deen am Januar 41 zu Mauthausen ukoum; De Lagerkommandant Franz Ziereis - jo dee selwechten Ziereis, vun deem säi Fils herno sot:

« Mäi Papp huet mer fir mäi 15. Gebuertsdag 40 Häftlingen zur Verfügung gestallt, fir mech schéissen ze léieren. Ech hu geschoss bis alle 40 dout um Buedem louchen. Soss kann ech näischt iwwert mäi Papp soen”, dësem Ziereis ass de Spuenier wéinst senger physesch nach gudder Konditioun am Steebroch opgefall an hien huet him de Choix ginn, entweder fir d’SS-Wachmanschaft ze boxen oder “an de Gas ze goen“.

Lagerterminologie!

De “Paulino”- esou säi Spëtznumm - huet geboxt, all Sonnden, huet am Lager eng gewëss Notorietéit erreecht an ass an d’Kichen affektéiert ginn, eng vun deene gesichten Aarbechten, fir z'iwwerliewen.

De Film weist also d’Liewen, d’Iwwerliewen am KZ vun enger apparent mënschlecher Säit, déi eigentlech di enorm Perversioun vun der Naziideologie dokumentéiert.

An engem Konzentratiounslager, wat als Vernichtungslager fonctionnéiert, sinn et Momenter ginn, déi fir d’Herrerass en abartegen Amusement an fir d’Häftlingen eng kuerz mental Evasioun duergestallt hunn.

Musik spillt heibäi eng grouss Roll.

Sief et datt Amateurmusikanten oder awer och ganz bekannte jiddesch Artisten hu missen virspillen … beim Auspeitsche vun Häftlingen oder ëffentlechen Exekutiounen, sief et datt e jiddeschen Häftling am Steebroch, uewen vum “Wiener Graben”, 70 Meter heich, huet missen dem Schubert säin “Ave Maria” sangen, mat haarder Stemm, ier hie vun engem Kapo an den Doud gestierzt gouf. Den “Ave Maria” kléngt no, ëmmer an ëmmer nach.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.