Carte Blanche vum Mohamed HamdiA wat fir eng Richtung beweegt sech d'Uni Lëtzebuerg?

Eng Uni brauch, wéi all aner Institutioun och, hier Zäit fir sech z'entfalen. Mee wann ee verschidden Entwécklunge beobacht, da muss ee sech froen a wéi eng Richtung sech d'Uni LETZEBUERG beweegt, mengt de Mohamed Hamdi, Student op der Uni.lu.

Um Campus Belval studéieren an Tëschenzäit méi wéi 3'000 Studenten, an déi Zuel wäert d'nächst Joer nach weider an d'Luucht goen, wann déi nächst Fakultéiten nokommen. Dëst bréngt natierlech och mat sech, dass elo eng ganz aner Atmosphär um Belval herrscht, ewéi NACH virun engem hallwe Joer. Deemools hate souwuel Studenten ewéi och Chercheure sech iwwert de Manktem un Dynamik a Fräiraum opgereegt. Säit der Rentrée am September ass d'Uni manner steril a méi lieweg ginn. E bëssen zumindest. An dach bleift d'Impressioun, wéi wann d'Bildung an d'Entfaltung vum Studenteliewe just zweetrangeg wieren, an den eigentleche But dee vun der kommerzieller Exploitatioun wier.

Carte Blanche: Mohamed Hamdi (4. November)


Verschidde Studente schwätzen ewell vun engem "Kapitaliste-Campus" well si d' Impressioun hunn dass si gezielt dozou ugerrecht gi Suen auszeginn. D' Capacitéit vun der Kantin ass z.B. vill ze kléng fir d' Studentenunzuel. Dat wier express esou geplangt ginn, fir dass d'Studente gezwonge wieren, hir Mëttegpaus an de méi deiere Restaurant'en um Belval-Plaza ze maachen. Mee och wien sech zu engem rouege Moment An d' Kantine sëtzt fir seng hausgemaachte Schmier ze iessen, riskéiert vun der Kantinesdirektioun gebieden ze ginn, entweder eppes vun der Platz ze konsuméieren oder de Raum ze verloossen.

DORIWWER ERAUS KENNT ET ËMMER NEES VIR, DASS d'Raimlechkeete VUN DER UNI, DI JO - ESOU GÉING EE MOL MENGEN - VIRRANGEG FIR UNISCOURSE GENOTZT SOLLTE GINN, prioritär u PRIVAT Compagnie verlount ginn. SOU ASS et schonns ËFTERS virkomm, dass Klassen net woussten, a wat fir engem Raum hire Cours stattfanne géing, well de Sall dee fir si virgesi war, op emol enger externer Firma zur Verfügung gestallt gi war. D'Studenten an d'Léierpersonal schéngen hei keng Prioritéit ze hunn.

Eréischt viru Kuerzem gouf der Uni.lu des weideren an engem Artikel, deen op goosch.lu publizéiert gouf, virgeworf, mat enger kontroverser israelescher Rüstungsfirma zesummenzeschaffen, där hier Produkter agesat géinge gi fir déi illegal Besetzung vu palestinensesche Gebidder duerch den israelesche Staat oprechtzeerhalen. Och hei spréngt fir d' UNI.LU wuel och just eppes eraus: Profit.

Natierlech ass net alles un der Uni.lu schlecht, a villen Entwécklungen dierf ee mat Freed entgéint kucken. Dass eng Uni och e wirtschaftleche Moteur well sinn, ass net per se problematesch - PROBLEMATESCH gëtt et awer dann, wann d'Prioritéit vun der Uni déi ass, Business ze maachen, an d'Bildung an d'Fuerschung dobäi an den Hannergrond geroden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.