Carte Blanche vum Ben FayotDem Här Bettel seng Nationalgalerie

De Premier- a Kulturminister Xavier Bettel wëllt am ale Kolléisch an der Stad eng Nationalgalerie ariichten, wann d’Nationalbibliothéik dat Gebai d’nächst Joer verléisst. Mä hannert de Froen iwwer sou eng nei Institutioun stellt sech eng aner vill méi wichteg.

Den Här Bettel ass bekanntlech Kulturminister ginn, nodeem déi viregt Ministesch an d’Wüst geschéckt gouf.

Carte Blanche: Ben Fayot (9. November)


De Kulturminister wëllt eng Nationalgalerie fir Lëtzebuerger Konscht ariichten.

Hei spillt sécher den Zäitgeescht mat: ons Identitéit, ons Sprooch sollen a Gefor sinn. Multikulti ass net méi gefrot.

Mä an der Stad Lëtzebuerg gëtt et schonns vill Muséen, och där mat Lëtzebuerger Konscht. Fir wat eng Nationalgalerie gebraucht gëtt, liicht net direkt an.

Wat fir Konscht soll an déi Nationalgalerie kommen? Wien decidéiert dat? Wat geschitt, wann en echte Lëtzebuerger Kënschtler gär dra wär an awer net geholl gëtt, mä en aneren, manner echten oder zougezunnenen? Geet en dann bei de Nol, fir den Direkter ënner Drock ze setzen?

Mä eigentlech ass et net d’Suerg ëm d’Konscht, déi de Kulturminister dreift.

Op d’Iddi vun der Nationalgalerie ass, den Här Bettel eréischt komm, well mëtten an der Stad e grousst Gebai, nämlech den ale Kolléisch, fräi gëtt. Et ass e wichtegt Stéck vum historeschen Stadkär, wat een net einfach ofrappen kann.

Et kann een och do net nach e weidere „Royal-Hamilius“ mat Bureauen a Luxusboutiquen bauen.

Dofir soll dat historescht Gebai erhalen bleiwen. An et soll eppes dohinner kommen, wat Prestige ausstraalt an d’Touristen interesséiert, nämlech eng Nationalgalerie.

Méi wéi eng vague Iddi vun esou enger Nationalgalerie interesséiert mech awer eppes aneschtes.  

Nämlech d’Iddi vum Här Bettel, an dem ale Kolléisch och Wunnengen anzeriichten, an zwar e pur kleng Buden fir Leit, déi nëmme kuerz Zäit zu Lëtzebuerg sinn.  

Halt, hu ech mer gesot, do ass e Fonken vun engem richtege Gefill beim Här Bettel bliwwen. Onse fréiere Stader Buergermeeschter weess, dass den Haaptproblem an der Stad net eng Nationalgalerie ass, mä d’Wunnen.

Famillje mat engem normalen Akommes kënne sech haut net leeschten, an der Stad a besonnesch am Stadkär eng anstänneg Wunneng ze kafen oder ze lounen.

Elo misst den Här Bettel e Schrëtt weidergoen an ufänken nozedenken.

Nämlech doriwwer, ob een net am ale Kolléisch Wunnenge schafen soll. Domat géif en éischte Schrëtt fir d‘Beliewe vum Stadkär gemaacht. Dat wär e wichtegt Signal.

An den nächste Jore ginn och aner historesch Gebaier um Stadgebitt eidel, wa Verwaltungen a modern Bureausgebaier op de Kierchbierg oder op d’Cloche d’Or zéien.

Dobäi kënnt, dass an der Stad vill Wunnsubstanz vu privaten an ëffentleche Bureauxen besat gëtt. Vläicht kann déi Bausubstanz emol eng Kéier dofir gebraucht ginn, fir wat se genehmegt gouf, nämlech fir ze wunnen.

Dofir brauche mer de politesche Wëllen, dem Wunnen an der Stad absolut Prioritéit ze ginn.

Da kann de Stadkär erëm opliewen, da wären d’Stroosse vum Stadzentrum owes no 6 Auer net méi eidel an doudeg.

Domat géif den Här Bettel sech e wonnerbart Denkmal setzen, fir mech méi e bleiwend, wéi eng Nationalgalerie!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.