Carte Blanche vum Benoît ReiterHumpejangen an Troterbattien

A senger Carte blanche vun haut schwätzt de Benoît Reiter, Jurist an enger nationaler Institutioun, eis vu Kabes, Humpejangen an Troterbattien.

D'Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg, oder besser gesot, den ënnerierdeschen Niveau dovun, ass mer an de leschte Wochen déck op d'Nerve gaang. Ech hunn ëmmer méi den Androck, dass mer eis mat Kabes an Niewesächlechkeete befaassen, aplaz mat interessanten a wichtege Sujeten. E puer Beispiller.

Carte Blanche: Benoît Reiter (11. November)


Natierlech denken ech als éischt un déi onsäglech Sproochendiskussioun, déi ëmmer erëm opflaamt, zu lescht elo mat enger surrealistescher Iddi, fir d'Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch festzeleeën. Dass dat onsënneg an onméiglech ass, hu scho méi qualifizéiert Leit wéi ech kloer gesot. Mä ech froe mech, firwat mer zu Lëtzebuerg eis Zäit mat esou Iddien an Diskussioune verplemperen? Firwat vergeude mer eis Energie mat Diskussiounen iwwer de Gebrauch vun enger Sprooch, aplaz all déi Sproochen, déi mer méi oder manner gutt praktizéieren, ze gebrauchen, fir dat, woufir Sproochen nun eben emol do sinn: matenee schwätzen, aneren nolauschteren, liesen a selwer schreiwen. Géife mer eis Zäit net besser a sënnvoll notzen, wa mer géifen z.B. Bicher liesen, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch etc. aplaz permanent doriwwer ze streiden, wéi eng Sprooch elo fir wéi en Usage déi bescht ass?

Zweet Beispill, déi Raibergeschicht ronderëm den Direkter vum Mudam. Ech wäert mech hidden, eng Ausso zum Oflaf vun engem Interview ze maachen, ech war net dobäi. Mä et ass mer eigentlech och egal, well et nëmmen déi eppes ugeet, déi betraff sinn. Ginn et net och do, an der Kultur, aner Sujeten, déi 100 Mol méi wichteg an interessant sinn, wéi esou en «fait divers» ? Wat kann een dës Woch op der «Luxembourg art week » gesinn? D'Ausstellunge vum Wim Delvoye am Mudam oder vum Albrecht Bouts um Fëschmaart, d'Mise en Valeur vum Site vum Mansfeldschlass a Clausen etc., dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu Sujeten, déi derwäert sinn, dass een sech domat beschäftegt an dovu schwätzt.

Drëtt Beispill, erëm iwwer Persounen, wat mer zu Lëtzebuerg jo immens gär maachen, also de klengen a grousse Beschass. En Ex-Minister soll un d'Spëtzt vun enger Bank genannt ginn, dat géif dann e Wiessel an der Regierung méiglech maachen. D'Saach geet schif an et sief dohi gestallt firwat. Dat gëtt natierlech Ulass zu enger Onmass vu Kommentaren an Interpretatiounen. Elo mol sérieux, who cares? Ass dat wichteg? Nee, et ass et net. Wier et net néideg, sech och hei net ze verzettelen an Diskussiounen iwwer Persounen, mä sech ze informéieren a sech Gedanken ze maachen, iwwer wichteg Problemer, z.B. déi ekonomesch Zäitbomm, déi d'Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank duerstellt? Ass dat net méi wichteg an interessant, wéi ze spekuléieren, firwat dass Persoune wollten, awer net konnten hiren Job wiesselen?

Meng Carte blanche war scho fäerdeg, mat engem anere Schluss, wéi ech dann d'Hiobsbotschaft vun der Victoire vum Donald Trump an Amerika héieren hunn. De Lien tëscht eiser Diskussiounskultur an dem Populismus à la sauce Trump ass fir mech evident: Wann een déi ëffentlech Diskussioun op den Niveau vun den Humpejangen eroffale léisst a sech vun den Troterbattien d'Sujeten imposéiere léisst, da kënnt eppes wéi den Trump eraus. Dat blitt elo Frankräich. Wéi ass et hei am Land?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.