Carte Blanche vum Robert WeberMol net en « MERCI » !

Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten. Den Här Weber schwätzt iwwert dat grousst Friessen an eiser Wirtschaft.

Just virun der grousser Vakanz hat d’ABB-L, d’Associatioun vun de Banken an de Banquieren op eng traditionell Feier gelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de President vun der ABB-L, a Presenz vum Finanzminister Pierre Gramegna, an senger Ried 5 Punkten ugeschwat, déi de Banquieren zu Lëtzebuerg besonnesch um Häerz leien. Doropshin ass de Finanzminister Pierre Gramegna anscheinend regelrecht ausgeflippt an huet de Banquiere virgeworf, si hätten him an och der Regierung kënne wéinstens « MERCI » soen , fir all dat, wat an deene leschten 2 Joer fir si gemaach gi wär.

Carte Blanche: Robert Weber (14. November)


Esou wäit dësen Zwëschefall, dee sécherlech virun allem di auslännesch Banquiere mat vill Erstaunen awer och Entrüstung zur Kenntnis geholl hunn.

Éischtens ass et verwonnerlech, dass e Minister e « MERCI » erwaart an och verlaangt, fir dat wat en geschafft huet an och als eigentlech Aufgab ze maachen huet.

« Minister » heescht dach net fir näischt aus dem laténgeschen eraus « déngen ». Seng Aarbecht ass also, sengem Vollek déngen !

An zweetens ass mir net bekannt, dass d’Patronen schonns eng Kéier « MERCI » gesot hätten. Si fuerderen, si halen de Beidel op, awer si sinn net dankbar.

Ech hunn a menger Carrière als Gewerkschaftspresident vill Tripartite-Sitzungen mat erlieft. Ech hunn ni e « MERCI » héieren. Ech weess awer, dass d’Fuerderungen an d’Fantasie op der Patronatssäit keng Grenzen kannt hunn a kennen. Hei sëtzen knallhaart Kapitalisten, déi onermiesslech um Staatssäckel suckelen an och dat schaffent Vollek am léifste plakeg ausdoe géifen.

De Pierre Gramegna souz a sengem virrechent Liewen och mat um Dësch op der Patronatssäit. De Pierre Gramegna huet ni ëffentlech de Ministere vun CSV, LSAP an DP « MERCI » gesot. Hie misst dach beschtens wëssen, wéi verfroossen d’Kapitaliste sinn. Also, wou kënnt dann elo des sensibel Oder hier? Oder hunn all di aner Finanzministeren näischt fir eis Finanzplaz a Wirtschaft gemaach?

De Kapitalismus steet dach fir eng Wirtschafts- a Gesellschaftsuerdnung, di duerch Privatbesëtz vun de Produktiounsmëttelen, privatem Entrepreneurship, dem Prinzip vun der Profitmaximéierung, d’Steierung vun der Wirtschaft iwwert de Maart, de Wettbewerb, d’Rationalitéit an dem Individualismus gekennzeechent ass.

Deem géintiwwer stinn d’Gewerkschaften, déi versichen eng sozial Korrektur an des Maartwirtschaft eranzebréngen. A leeschten d’Politik, déi fir Gerechtegkeet, Wuelstand fir jiddereen an eng gerecht Verdeelung ze suergen huet.

Gottseidank haten mer an deenen leschten 100 Joer staark Gewerkschaften.

All Arbeitnehmer misst wëssen, dass mir och an der Zukunft staark Gewerkschafte brauchen.

De Soziale Fortschrëtt ass nach ni vum Himmel gefall !

Ech soen Iech awer MERCI fir d’Nolauschteren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.