Carte Blanche vum Gilles HempelZwangsverpachtung vu Bauterrainen

Zu Lëtzebuerg herrscht Wunnengsnout. Déi eenzeg, déi dat haut nach ofstreiden, sinn déi, déi gutt doru verdéngen. Fir dee Problem ze léisen, brauche mir innovativ Léisungen. Eng Carte Blanche vum Gilles Hempel, Direkter vun der Agence Immobilière Sociale

Wa mir der Wunnengsnout wëlle meeschter ginn, da brauche mir Terrainen, fir drop ze bauen. Mä déi, déi op dem knappe Gutt setzen, wëllen en net hier ginn. Mol net fir vill Suen. Well si mengen, dass si muer oder iwwermuer nach méi Sue fir hier Terrainen kréien. Fir hei déi néideg Expropriatiounen duerchzesetzen, feelt et leider u politeschem Courage.

Carte Blanche: Gilles Hempel (23. November)


Ech hu mech gefrot, ob et dann net eng aner Méiglechkeet gëtt, fir un déi Terrain’en ze kommen?

Bei menge Recherchë sinn ech dunn op ee Konzept gefall, wat zu fréieren Zäite bei Hongersnout ugewannt ginn ass. Oft, no schlëmme Kricher, wann d’Leit näicht méi z'iessen haten, well vill Felder braach louchen. Dat, well vill Baueren am Krich gefall waren an d’Erbfolge nach net gekläert wor. Dunn ass een higaangen an huet déi Felder un een anere Bauer zwangsverpacht, dee si da bewirtschafte konnt. Sou ass deemools d’Hongersnout bekämpft ginn.

Lo hu mir zu Lëtzebuerg keng Hongersnout, mä Wunnengsnout. An dofir géif ech gären doriwwer diskutéieren, ob een dee Model vun der Zwangsverpachtung net och kéint benotzen, fir d’Wunnengsnout ze bekämpfen.

Konkret kéint dat folgendermoossen ausgesinn:

Een ongenotzte Bauterrain gëtt, no enger vernünfteger Frist, un een ëffentleche Bauträger zwangsverpacht. Do ginn da Wunnengen drop gebaut an zou gënschtege Konditioune verlount. Den Terrain selwer bleift am Besetz vum Proprietaire, deen och weiderhi vun der Plus-value profitéiert. Well dorëms geet et him jo. Zousätzlech kritt hien eng jäerlech Pacht, vun deem, dee säin Terrain entwéckelt. Hie ka säin Terrain och weiderhin zou all Moment verkafen. Entweder um freien Marché oder direkt un säi Pächter, deen him garantéiert, den Terrain zu all Moment zum übleche Marchéspräis ze kafen. De Proprietaire steet duerch déi Mesure also besser do, wéi virdrun, a ka sech net beschwéieren.

D’Zwangsverpachtung vu Bauterrainen ass deemno ee Konzept vun deem jiddweree profitéiert. De Proprietaire kritt een zousätzleche Revenu. De Staat an d’Gemenge kréien déi néideg Bauterrainen an d‘Leit dobaussen eng gënschteg Wunneng.

Dat war eng Carte Blanche vum Gilles Hempel, Direkter vun der Agence Immobilière Sociale

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.