Carte Blanche vum Robert GarciaFoussgangster versus Toutterrain-Ranner

De Robert Garcia doriwwer, wéi d’Foussgänger am Auto-Tsunami erdrénken.

A menger Jugend gouf et e wichtege Fousswee tëschent der Uni an de Studentebistroen. An engem Souterrain hat deemools schonns en Virraussiichtegen gesprayt: „Wer zu Fuss geht, ist verdächtig“.

Carte Blanche: Robert Garcia (18. November)


Haut, 40 Joër méi spéit, ass dee Sproch méi wouer wéi je. Wann ech haut vun doheem op d’Gare duerch Wunnquartieren trëppelen, sinn ech zwar gréisstendeels eleng um Trottoir. Dofir muss ech awer tëschent 3 an 7 mol vun deem Trottoir an d’Strooss auswäichen, well op allen Ecken an Enne vum Foussgängercouloir en récksiichtlosen Eefalt geparkt huet.

De Fraen a Männer mat Kannerkutschen an Poussetten geet et net besser, déi kënnen e Lidd vun zougeparkten Trottoire sangen, genau wéi eeler oder behënnert Leit.

D’Behënnerung vun de Foussgänger an de Reflex, beim klengsten Deplacement huerteg an den Auto ze sprangen, hunn an de leschten Joerzéngten dozou geféiert, datt an den Stied an an den Dierfer ëmmer manner Leit zu Fouss ënnerwee sinn.

Dofir brauchen déi Stied an Dierfer, déi nach keng fir Foussgänger reservéiert Zonen hunn, och net méi drun ze denken, esouguer z’installéieren.

Shared Space heescht déi nei Zauberformel, wou Autogecken an Foussgecke sech harmonesch zesummen toleréieren a keen dem anere géint de Pneu trëppelt, respektiv iwwert d’Féiss fiert.

Elo ass näischt géint punktuell Shared Spaces an der Pufferzone tëscht Zentrum an Quartieren ze soen. Triumphalistesch Press-Artikelen iwwer Shared Space däerfen awer net iwwert e fundamentaalt Ongläichgewiicht ewechtäuschen: Wann duerch eng Shared Space Strooss an enger Stonn 300 Autoën fueren an 10 Foussgänger trëppelen, dann ass et evident, datt déi 300 Autofuerer d’Gefill hunn, Récksiicht op d’Foussgänger ze huelen: si kënnen der jo net vill iwwerrennen.

An déi di do trëppelen, parken oft selwer net wäit ewech, fir nëmmen net missen 200 Meter ze goe fir an e Geschäft, an de Sport oder de Fitness.
 
Ech selwer si schonns zwee mol an engem Shared Space bal iwwerrannt ginn, dorënner eng Kéier vun engem Taxi-Chauffer mam Handy am Grapp. Mee vläicht sinn ech deen eenzege mat Verfolgungswahn. Et begéint een jo, wéi gesot, keng Foussgänger méi, ausser an den verdächtegen Foussgangsterzonen, déi een elo gläich net méi brauch, faute de combattants.

Mir schwätze gäre vun qualitativem Wuesstem. Wéi wär et dann, wann am Joer 2050 déi 700.000 oder 1,2 Millioune Lëtzebuerger an den Uertschaften haaptsächlech zu Fouss oder um Vëlo weiderkéimen? Amplaz mat 700.000 oder 1,2 Milliounen Gefierer d’Land ongenéissbar ze maachen? Vun der gläicher Zuel Zweet-Autoen, déi gläichzäiteg an de Stroossen, an de Virgäertercher an natierlech op den Trottoire stinn, net ze schwätzen?

Qualitative Wuesstem ass eng flott politesch Strategie, mee si fänkt och beim eenzelen un. A Foussgänger, grad wéi Autoen, loossen sech bis op Weideres nach net digitaliséieren, och net vum Jeremy Rifkin.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.