Carte Blanche vum Jean-Louis SchlesserDen Internet, eng Ariichtung mat 2 Gesiichter

A senger éischter Carte Blanche schwätzt de Jean-Louis Schlesser, Auteur an Zeenarist, iwwert eng Ariichtung, di zwee Gesiichter huet: den Internet, ouni deen haut näischt méi geet an déi sougenannt „Sozial Netzwierker“ um Internet, déi oft méi „asozial“ wéi „sozial“ sinn.

Dem Minister Asselborn ass virun enger Rei Deeg op emol de Kolli wéinst Facebook-Message geplatzt. An dobäi ass den Här Asselborn keen, deen eng dënn Haut hätt. Erënnere mer eis un de legendären Tëlees-Duell mam Affekot Vogel am Zesummenhang mat dem Referendum iwwert d’europäesch Verfassung 2005, wou hien der vum explosiven Affekot op d’Bake krut, wat gëss de, wat hues de. Den Toun vum Affekot, seng demonstrativ Veruechtung fir säi ministerielle Vis-à-vis, hu vill Leit schockéiert.

Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser (21. November)


Mat dem Opkomme vun deem, wat „sozial Netzwierker“ genannt gëtt – Facebook a Co. haaptsächlech - ass, zéng Joer méi spéit, en Toun an d‘ëffentlech Diskussioun erakoum, wou, am Verglach, den Asselborn-Vogel-Duell wéi eng aimabel Poterstënnche wierkt.

Den zimlech déckhaitege Jang Asselborn huet also dem Wutbierger vu  Waasserbëlleg ëffentlech ze verstoe ginn, datt et esouguer op Facebook Limitten an de Frechheeten, déi ee sech muss gefale loossen, gëtt, oder misst ginn.

Fir vill Leit huet de Cyberspace als eng Zort realiséiert Utopie vun onkontrolléiert an onzenséierter Meenungsäusserung gegollt.

Leider koum alles anescht.

Och den Naivste misst mierken, datt eis Internet-Fräiheet total fake ass an datt mir, d’Useren, haaptsächlech do sinn, fir e puer Firmen a Privathand d’Matière Première fir hire Business ze liwweren.

Doniewent sinn Deeler vum Internet eng gewalteg Super Cloaca. Eng formidabel Quell vun Informatioun an Entertainment, jo natierlech, mä och eng formidabel Méiglechkeet, alles Aremséileges, Dommes, Falsches, Béisaarteges ze kanaliséieren, un de Mann an un d’Fra ze bréngen, ze gruppéieren a Liken, a Säiten, a Gruppen - mat der Intentioun der Abscheilechkeet Resonanz ze ginn... , fir Kabes ze verzapen, mä och fir ze beléien, ze bedréien an ze manipuléieren. 

Ons Verwonntbarkeet virun den negativen Aspekter vum Cyberspace, a besonnesche virun de sougenannte sozialen Netzwierker, léisst de Verdacht opkommen, datt mir - mir Mënschen - aus enger Rei Grënn net equipéiert sinn, fir mat de schlechte Säite vum Netz ëmzegoen.

De Bëlleger Wutbierger, dee sech mam Jang Asselborn hat, huet sech jo bekanntlech eng Woch méi spéit bei him entschëllegt. Hie wär kee schlechte Mënsch, huet hien eng Iddi krëscherech geschriwwen. Seng Excusen huet hien net um Netz gemaach, mä hien huet se schéi fläisseg handschrëftlech an engem Bréif geliwwert. Sou einfach ass et also fir erëm en normale Mënsch ze ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.