Carte Blanche vum Astrid LullingW.e.g.: Keng Finanzpolitik op Käschte vun de jonke Leit vun haut a vu muer!

A leschter Zäit gëtt vill iwwer d’Zukunft vun eisem Land diskutéiert.

Ech gehéieren zu deenen, déi sech echt Suerge maachen, well, trotz deem gudde Wuesstem vun eiser Ekonomie an den héije Steierrecetten, den Defizit vum Staat sech 2017 an 2018 am Vergläich zu dësem Joer méi wéi verduebele soll - vu 407 Milliounen 2016 op 983 Milliounen 2017 an 943,5 Milliounen 2018.
Eis Staatsschold, déi haut iwwer 5x méi héich ass wéi 2005, soll trotz där gudder Konjunktur an deenen zolitte Recettë vum Staat och nach weider an d'Luucht goen - vun haut  12,3 op bal 16 Milliarden Euro 2020.

Carte Blanche: Astrid Lulling (25. November)


Stellt Iech vir, Dir géift esou hause wéi eise Staat, dat heescht Dir géift, obschonn Dir méi erakritt, nach méi Schold maache fir Saachen unzeschafen, déi Dir Iech net leeschte kënnt an déi Der och net wierklech braucht fir anstänneg ze liewen. Da géift Dir jo zolidd iwwer Är Verhältnisser liewen, an dat geet an d'Box.                 
 
Well ech mech bal 50 Joer a mengem politesche Liewe mat Wirtschafts- a Währungspolitik befaasst hunn, weess ech, dass e Staat, wann et wirtschaftlech schlecht geet, Schold maache ka fir Investitiounen, déi d'Wirtschaft ukuerbelen an d'Beschäftegung erhalen an esou guer verbessere sollen.   
 
Mä an enger gudder Konjunktur weider Defizit an nach méi Schold ze maache fir méi auszedeelen un déi, déi genuch hu wéi z. B. am ëffentleche Secteur, fir deene Kaddoen ze maachen, déi se net brauchen, ass politesch onverantwortlech, besonnesch  vis-a-vis vun de jonke Leit vun haut a vu muer.

Mat där Meenung sinn ech net isoléiert. Ëmmer méi Leit mat Verstand a Courage, an der Majoritéit an, an der Oppositioun halen dee Paradigmewiessel vun der Regierung a punkto Finanzpolitik fir geféierlech fir d'Zukunft vum Land.
 
Aus den Avise vu Beruffschamberen, vum Staatsrot,  vun der Cour des comptes an och vum Conseil national des finances publiques zum Staatsbudget 2017 geet dat däitlech ervir. Leider gëtt et ze vill Politiker, nach méi Gewerkschaftler a selwer ernannte Vertrieder vun der Zivilgesellschaft déi dës kuerzsiichteg Begléckungspolitik, déi zu ëmmer méi Defizit am Zentralstaat an ëmmer méi Staatsschold féiert, guttheeschen an esouguer feieren.
 
Méi onverantwortlech a méi kuerzsiichteg geet et net.
 
Nach e lescht Wuert zu der geplangter Steierreform. Méi zolidd Steierentlaaschtunge verdéngen virun allen Wittfraen a Wittmänner mat Kanner an Enkelkanner, déi an de Steiergrupp 1a versat an da vun haut op muer scho bei enger besteierbarer Rent vun 2500  Euro de Mount bal duebel esou vill Steiere bezuele mussen wéi virdrun. Awer bis zu engem Bruttoakommes vun 20.000 Euro de Mount soll et nach Steiererliichterunge ginn. Dat ass ongerecht. Do muss nogebessert ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.