Carte Blanche vum Richard GrafDi richteg Steierreform steet nach aus

Steiersenkunge fir bal jiddwereen, dat kléngt gutt. Wierklech gerecht a nohalteg ass di aktuell Reform allerdéngs net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

De Finanzminister mengt, seng Steierreform wier di gerechtesten, déi Lëtzebuerg jeemools gemaach hätt. Wahrscheinlech ass dat esouguer net falsch, well bis elo war zu Lëtzebuerg dat Wuert Steierreform gläichgesat mat Steierofsenkunge virun allem fir déi, déi vill Steiere bezuelen.

Mat Ausnahm vun enger Rei - revidéierbaren - handwierkleche Feeler, wéi am Fall vu mono-parentale Familljen, schéngt di aktuell Steierreform tatsächlech e bëssche méi gerecht ze sinn, wéi déi virdrun. Doduerch, datt am ieweschten Akommes-Segment zwou Steiertranchen derbäi kommen, ass di historesch Tendenz gebrach ginn, de Spëtzesteiersaz ëmmer weider ze senken.

D'Bewäertung fält scho manner positiv aus, wann een d'Konterpartie vum Zukunftspak mat a Rechnung stellt. Eng Rei vun Ännerungen hunn hei derzou gefouert, datt bei bestëmmte Kategorie vu Leit däitlech manner am Portmonni ukomm ass, wéi virdrun. Och wann elo de Steierbonus eropgeet, dierft d'Rechnung an der Zomm fir Famillje mat Kanner an ënneschten Akommes-Beräicher sécher alles anescht als gerecht empfonnt ginn.

Virun allem awer vergësst dës Steierreform, genau wéi déi vu virdrun, wierklech all Aarte vun Akommes gläich ze behandelen. Zënsen op Récklagen oder Dividenden op Aktien, zum Beispill, ginn mat 10 respektiv 20 Prozent besteiert. Si dauchen an der Rechnung vum besteierbaren Akommes guer net méi op. Aner Revenuen, wéi zum Beispill d'Gewënner um Verkaf vun Aktien, gi guer net consideréiert. Vergiesse mer och net d'TVA-Erhéijung, déi jo och alles anescht, wéi sozial gestaffelt ass.

Wann een dann och nach déi niddreg Grondsteier an déi inexistent Verméigenssteier derbäi kuckt, da weess een, datt di al Regel vum Sozialstaat, nodeem déi, déi sech besser stinn, proportional méi zu de Steiere bäidroen, ab engem gewëssen Niveau zu Lëtzebuerg net méi stëmmt.

Spéitstens säit dem leschte Freideg wësse mer och, datt e groussen Deel vun eisem Steierakommes ënnert dem Stréch budgetstechnesch zwar äusserst rentabel, gesamtwirtschaftlech awer ruinös ass. De Recetten duerch de sougenannten Tanktourismus vun 2,1 Milliarden pro Joer stinn Depense vu 3,5 Milliarden entgéint. Depensen, zum Beispill wéinst den gesondheetleche Konsequenze vum knaschtegen Diesel, falen zwar zu engem ganz groussen Deel net zu Lëtzebuerg un. Et wier awer net nëmmen onverantwortlech, dëst einfach ze ignoréieren, et wier och zimlech naiv ze gleewen, datt eis Noperen déi Rechnung net och iergendwa géife maachen.

Eng wierklech Steierreform misst also zumindest dës zwee Defien mateneen ugoen: D'Steierlaascht esou verdeelen, datt déi, di Kapassitéit hunn, méi bäizedroen, dat och wierklech maachen; a gläichzäiteg dem Réckgang bei den Akzisen net nëmmen nokucken, mä offensiv den Ausstig aus dem Tanktourismus bedreiwen.

D'Steierlaascht wäert also tendenziell an Zukunft éischter erop goen. Grad dowéinst ass et wichteg, eng sozial gerecht Verdeelung vun de Steieren an Ugrëff ze huelen, an zwar ier eis di nächst béis Iwwerraschung de Spillraum dofir nach méi kléng mécht.

Carte Blanche vum Richard Graf

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.