Carte Blanche vum Laura ZuccoliZivilgesellschaft mat Engagement

D'Zivilgesellschaft mobiliséiert sech nach ëmmer vill zu Lëtzebuerg. Si huet eng Hand mat ugepaakt, fir d’Flüchtlingen, di bei eis ukommen ze empfänken an hinnen ze hëllefen, sech an eisem Land z'integréieren.

Déi Mobiliséierung vu Jonken an Eeleren ass fantastesch, zemol, wou si an enger Zäit kënnt, wou ee geduecht hat, et géif praktesch kee sech méi engagéieren. Dës Benevolle wëlle Mënschen hëllefen. Ob dat aus etheschen oder politesche Motiver ass, si all wëssen, wéi wichteg et ass, zu Lëtzebuerg zesummenzehalen an do wou Politik net genügend Mëttel asetzt, anzesprangen.

Keng Sonndesrieden gi gehalen, keng Kommentaren iwwert eis sozial Netzwierker gepost fir schlecht Stëmmung opkommen ze loossen, nee dës Benevollen hunn einfach hir Zäit, hir Kompetenzen, hiert Häerz an hir Intelligenz fir anerer bereet gestallt.

A wiem si se begéint?

Einfach Mënschen, wéi mir alleguer der sinn; dem Elektriker vun Damaskus, der Schoumeechtesch vun Aleppo, dem Usträicher vu Kabul, déi bis elo anescht ewéi mir gelieft hunn. Zum Deel méi reliéis, well si dës Reliositéit an hirem Land als Referenzwäert zënter Joerhonnerte kannt hunn. Mee, si hu grad ewéi mir déi selwecht fundamental mënschlech Grondwäerter vun Hëllefsbereetschaft, Zesummenhale vun der Famill, Léift, Barmhäerzegkeet fir Leed vun Aneren, Dankbarkeet fir Hëllefsbereetschaft. Wann een dëse Leit begéint a sech Zäit hëlt, op si anzegoen, erkennt ee villes Gemeinsames, och wann et äusserlech aneschters gelieft gëtt.

Si se da wierklech esou verschidden? Neen !

Zu Lëtzebuerg war d’Liewen, d‘Behuelen vun eisen Urgousselteren och vu Regelen gepräegt, déi aus der Relioun an enger Baueregesellschaft komm sinn. Lues a lues sinn déi Regelen a Fro gestallt a geännert ginn. 

D’Flüchtlinge maachen vill Efforten, fir eng, zwou vun eisen Sproochen ze léieren, fir eens ze ginn an dësem fir si dach ganz friemen Ëmfeld, fir sech esou séier et geet, deem Land, dat si empfaangen huet, unzepassen an dankbar ze weisen. Bei verschiddenen, haaptsächlech bei deene Jonken, geet dat erstaunlech séier. Anerer brauche méi Zäit!

All di Lëtzebuerger an och ganz vill Net-Lëtzebuerger, di hir Zäit an Energie an deem Sënn hierginn an dobäi esou vill Positives erliewen, soen dat ëmmer erëm. Ob si kulturell Aktivitéiten ubidden, Sproochen ënnerriichten, Leit bei sech ophuelen, si sinn iwwerrascht, wéi natierlech Leit aus zwou verschiddene Kulturwelten sech openanerzoubewegen an hei d’Chancen fir e weidert Zesummeliewen entstinn. 

D’Oeuvre Grand Duchesse Charlotte huet an deem Sënn eng immens grouss Verantwortung iwwerholl. Si huet Projete fir dëst Zesummeliewe finanziell ënnerstëtzt.  Et sinn 60 Projeten entstanen, déi all eisen Awunner zegutts kommen – Flüchtlingen, sozial Schwaachen a Residenten.

Elo ass et awer un der Politik, déi Schrëtter a Moossnamen ze huelen, fir dass all dës Efforte vun alle Säiten net verluer ginn, fir dass dee finanziellen a juristesche Kader geschaf gëtt, deen néideg ass. Aus den Erfahrungswäerter bei eis oder aus dem Ausland ka sech d’ Integratiounspolitik bei eis inspiréieren

D'Zivilgesellschaft huet hir Verantwortung geholl an Engagement an Imaginatioun gewisen – d'Politik muss an der Integratiounspolitik elo nozéien!   

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.