Carte Blanche vum Laurent SchleyChrëschtdag: gëttlech oder awer éischter mënschlech?

D’Adventszäit ass am Gaangen, a geschwë steet nees Chrëschtdag un. Mä wat fir eng Konnotatioun huet datt Fest eigentlech haut an eiser moderner Welt? Doriwwer huet sech de Laurent Schley*, President vun AHA Lëtzebuerg, e puer Gedanke gemaach a senger Carte blanche "Chrëschtdag: gëttlech oder awer éischter mënschlech?".

© Christine da Felicidade
De Mount Dezember ass eng Zäit, an där reegelméisseg gewësse Leit drop hiweisen, dass jo d'Gebuert vum Jesuskëndchen d'Quell vun eiser Zivilisatioun géif duerstellen, an dass et genau aus deem Grond eng Zäit zur Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwwer beklot, dass an eiser Welt mat ëmmer méi reliounsfräie Mënschen, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits géing geroden, an dofir misst grad op Chrëschtdag erëm méi un ee "Gott" respektiv un ee Këndche geduecht ginn, dat op eng net-biologesch Aart a Weis soll entstane sinn. 't ass scho skurril: De Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Nët-Bewisenes an Nët-Beweisbares widmen. Hallo?

Déi Deeg ronderëm de 25. Dezember ass historesch gesi bei ville Vëlker d'Wantersonnewend gefeiert ginn, no där bekanntlech d'Nuechten nees méi kuerz ginn an d'Deeg méi laang. D'Kierch huet deen Dag einfach mat hirer Krëppchegeschicht besat, a mécht zanterhier, wéi wa se dee Feierdag erfonnt hätt.

Des Weidere misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, ee sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär "Gëtter"? Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d'Humanisten. Si setze sech a fir Opklärung, Toleranz a mënschlech Wäerter, déi, wéi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra a vum Kand, oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint den erbatterte Widderstand vun de Reliounen duerchgesat hu misse ginn.

Eppes soll dofir kloer gesot sinn: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, egal wat fir een Numm een deem gëtt! Jiddwer reliounsfräie Mënsch kann an däerf natierlech Chrëschtdag op seng Aart a Weis feieren, oder et ebe si loossen. Zu Lëtzebuerg feiert wuel d'Majoritéit vun dee Leit "X-Mas" ouni di geréngste reliéis Konnotatioun an och dee sougenannte "Chrëschtbeemchen" huet säin Ursprong net am Chrëschtentum. Vill reliounsfräi Leit weltwäit, vu verschiddenen Nationalitéiten, Kulturen, a.s.w., gesi jiddwerfalls dee famouse Chrëschtdag als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, dee mat senge kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger schnéi-iwwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee flott Fest wou ee beim oppene Feier mat senger Famill zesummekënnt, déi ee mat Kaddoe begléckt, eng Feier, déi ee genéisst mat guddem Iessen an Drénken, mat flotter selwer erausgesichter Musek, a mat allem wat ee soss nach wëllt dobäi hunn!

Am Mëttelpunkt bei all deem steet dann ebe grad dee real existéierende Mënsch.

 

* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Member International Humanist and Ethical Union (IHEU)

Member European Humanist Federation (EHF)

Member Alliance for a Secular Europe

Member Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.