Carte Blanche vum Marc GlesenerDéi richteg Léieren aus dem Phänomen Trump zéien

Den Phänomen Trump sollt d’Politik net op déi liicht Schëller huelen. Et besteet Ustiechungsgefor. Virun allem och an Europa, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist, a senger „carte blanche“.

Den Donald Trump gëtt den nächste President vun de Vereenegten Staaten. Et huet ee sech missen doru gewinnen. Woubäi gewinnen iergendwéi dat falscht Wuert ass. Sech un dem Geschäftsmann vun New York seng dach éischter onorthodox Aart a Weis Politik ze maachen a sech ze inzeenéieren ze gewinnen, ass dach e bësse méi eng komplizéiert Saach.

Carte Blanche: Marc Glesener (5. Dezember)



Nun ass et esou, dat d’Politik en général vläicht dach eng Partie Léieren aus dem Phänomen Trump zéie sollt. Dëst ass iwwregens scho geschitt - am Nopeschland Frankräich. Do huet sech bei de Primären dee Mann duerchgesat, deen am Fong mat kloren, wann och onbequemen Aussoe Campagne gemaach huet. De François Fillon huet net gezéckt, d'Saachen esou ze soen, wéi se sinn, an och keng Versprieche gemaach, déi net ze hale sinn. Dës realistesch an och éierlech Approche ass menger Meenung no d’Haaptursaach fir seng dach iwwerraschend Dominanz bei de Virwahlen, un deene méi ewéi véier Millioune Fransousen deelgeholl hunn.
 
Et gëtt am Fong nëmmen ee méiglecht Rezept fir e politescht Ofrutschen an d’Extremer ze verhënneren, an dat ass eng Réckbesënnung op dat, wat an der Politik eigentlech misst gemaach ginn: Problemer richteg erkennen. Léisunge proposéieren. An entspriechend handelen. Wann d’Leit den Androck kréien, datt déi politesch Klass iwwer hir Käpp a laanscht si regéiert, geschitt genee dat, wat elo an den USA passéiert ass.
 
D’Ironie dobäi ass, datt domat e puer vun deene Leit, déi fir grave Problemer a gesellschaftlech Dysfonctionnementer verantwortlech waren, mat no uewe gespullt ginn. Kuckt een dem Trump seng Lëscht vun enkste Mataarbechter a Membere vu senger Administratioun, kann een den Afloss vu bestëmmter Säit kloer erkennen. Ech nennen hei nëmme Goldman Sachs. Den Afloss vun den Investment-Banker am Wäissen Haus gëtt beim Trump esou staark ewéi nach ni. Dat seet vill aus iwwer déi politesch Linn vun deem, deen de klengen Amerikaner versprach huet, hiert Liewen ze verbesseren. - Ween huet dann an de leschte Joerzéngten dofir gesuergt, datt vill vun dëse Leit vill vun deem verluer hunn, fir datt se e Liewe laang gespuert haten? – Dem Trump seng Frënn.
 
Nu sollt een och dem President Trump eng Chance ginn. Ëmmerhin huet e scho bei e puer vu senge graffe Verspriechen e Réckzéier gemaach. Hoffentlech geet dat esou wieder. Den Phänomen Trump sollt d’Politik allerdéngs net op déi liicht Schëller huelen. Et besteet Ustiechungsgefor.
 
An hoffentlech ginn an anere Länner weider déi richteg Konsequenzen an der Politik gezunn, fir déi eegen Glafwierdegkeet ze stäerken. E gudde Schrëtt war hei den ugekënnegte Réckzuch vum franséische President Hollande. Nee soen, ass net einfach. An dach muss dëst heiansdo sinn. Och an der Politik.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.