Carte Blanche vum Paul EstgenDe Succès vum Populismus uechter Europa

Brexit, Trump als amerikaneschen President, Polen, Tierkei, Ungarn, kommend Wahlen a Frankräich, Holland, Italien. Iwwerall dat selwecht Bild: rietspopulistesch Kräfte si staark um Virmarsch op villen Plazen. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

07/12/2016 Carte Blanche Paul Estgen



Dës nei gewielte Politiker wëllen opraume mat der verwässerter Demokratie, wëllen hir Länner zoumaachen virun all deem Schlechten, wat vu bausse kënnt, a verspriechen eng nei Zäit vun Réckbesënnung op national Wäerter an eng Souverän Wirtschaft.
 
Och wann et mir kal de Réck erofleeft, muss ech domadder liewen, dass dat och en Deel vun onser Demokratie ass, an d’Vox populi nun emol dat wielt, wou si dru gleeft.
 
Rational gesi kann een elo 1.000 Argumenter fannen, fir ze soen, dass déi Dreem vun dëse Populisten, zu engem grousse Cauchemar feieren. Mee genau déi Strategie wäert an dësem Moment keen Erfolleg méi hunn. Am Moment wielt d’Vollek mam Bauch an net mam Kapp.
 
Et mécht och kee Sënn, dass de Kapp de Bauch verdäiwelt, mee et ass héich Zäit, dass mer onse Kapp benotze fir ze verstoe wat d’Ursaache sinn, déi zu dëser Situatioun gefouert hunn.
 
Et gi fir mech e puer Grondzich, déi an all deene Länner eng wichteg Roll gespillt hunn.
 
Déi rietspopulistesch Politiker, déi sou vill Erfolleg hunn, sinn déi déi sech kloer distanzéieren, vun der aktueller politescher Elite. Hire Succès kënnt dovunner, dass si sech als « no um Vollek »  verkaaft kréien, mam Establishment wëllen ofrechnen, an esou dem Vollek Gehéier verschafen. All Provokatioun, all Ausso, sou irrational a gehässeg se ass, gëtt als Zeeche vun Éierlechkeet gewäert, wa se d'Bauchgefill vun de Leit trefft.
Wat ass passéiert, dass d’Vertrauen an ons, nenne mer se mol klassesch Parteielliten, sou radikal verluer gaangen ass ?
Ons politesch Elite, dat sinn haut ganz oft Persounen, déi net méi iwwert de klassesche Wee iwwert d’Parteien un d’Spëtzt komm sinn. Si si Spezialisten, Technokraten, kommen ëmmer méi aus dëser Wirtschaftswelt, a sinn domadder wéineg ofhängeg vun hire Parteien. D’Vollek huet d’Gefill, dass dës Politiker just nach op d’Wirtschaft lauschteren, quasi ferngesteiert gi vun de grousse multinationale Firmen a Banken.
 
Dat gëtt verstäerkt duerch hire Positionnement, wann et em d’Fro vun der Globaliséierung geet. Vun der Politik gëtt dat als eenzege Wee fir d’Zukunft dohinner gestallt, e Wee deen iwwer komplex Theorië vu Wuesstem letztendlech zum globale Wuelstand féiere géif. Leider spieren awer ganz vill Leit just den Contraire : Globaliséierung heescht fir si perséinlech éischter de sozialen Ofstig. D'Vertrauen an d’politesch Elitte vun haut entsprécht deem vum Vertrauen an d’Wirtschaftsideologie, nämlech keent méi.
 
Vill Politiker benotzen dann och genau dee selwechten Discours, deen d’Wirtschaft hinne virgëtt. Si erklären hiert politescht Handelen duerch Argumenter, déi se opbauen op Konzepter wéi : Noutwendeg Upassungen, Reformen, den internationale Konkurrenzdrock, Flexibilitéit, Rationaliséierung, Kompetitivitéit. Alles Wieder déi dozou bäidroen, dass d’Leit just nach méi Angscht kréien. Iwwer d’Angscht bedénge mer awer letztendlech just dat Bauchgefill, dat dozou féiert, dass de Kapp net méi matdenkt, an deene rietspopulistesche Stréimungen den Wee fräi gemaach gëtt fir un d’Muecht ze kommen.
 
Fir d’Zukunft brauche mer, och zu Lëtzebuerg, erëm politesch Elitten, déi bereet si méi global ze denken an net nëmmen den Discours vun der Wirtschaft probéieren un d’Fra an un de Mann ze bréngen. Mir brauche Leit mat sozialen a kulturelle Visiounen déi positiv sinn, an Hoffnung op muer maachen. D’Leit wëlle spieren dass et Solidaritéit gëtt, wëlle wëssen, dass si am Mëttelpunkt vum politesche Projet stinn. Eng grouss Erausfuerderung fir déi klassesch Parteie vun haut, mee deen eenzege Wee fir de Rietspopulismus ze stoppen. 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.