Carte Blanche vum Colette FleschKeng Stärestonn vun der Demokratie …

Éisterräich, Italien, USA - d'Colette Flesch analyséiert déi politesch Aktualitéit a mécht op geféierlech Tendenzen opmierksam.

09/12/2016 Carte Blanche Colette Flesch



Trotz äisegen Temperaturen dobausse war et en hëtzege leschte Weekend an Europa. An Italien ass d'Reform vun der Verfassung duerch e glasklore Nee vum Vollek gekippt ginn, a mat hir d'Regierung vum Premier Renzi, mat alle Froen, déi dat mat sech bréngt. Zäitgläich huet d'Nopeschland Éisterräich mam Alexander Van der Bellen endlech en neie President krut.

D'Gefill, ofgehaangen ze gi vum sozialen a wirtschaftleche Fortschrëtt, d'Perspektivlosegkeet um Aarbechtsmaart, d'Angscht virun enger Zouwanderung vu Migrante féieren an Europa wéi an Amerika zu engem Malaise, deen zum Brexit, der Wahl vum Donald Trump, wéi zum Ausgang vum Referendum an Italien geféiert hunn. Si werfen och hire Schiet op d'Wahlen, déi 2017 a Frankräich an Däitschland ustinn.

Fir bei Éisterräich ze bleiwen, et berouegt, datt en europafrëndleche Politiker géint de Rietspopulismus bestoe konnt. An awer bleift, datt dës Presidentschaftswahle keng Stärestonn vun der Demokratie waren.
Ugefaange mat de Wahle selwer: Kloer Virschrëfte ware beim Ausziele vum éischte Vote am Mee net agehale ginn, esou datt d'Wahlen hu missen de leschte Sonnde widderholl ginn. Dat dierf an engem Rechtsstaat net passéieren, well demokratesch Wahle mussen iwwer all Zweiwel stoen, wann een d'Demokratie net am Kär wëll treffen. D'Decisioun vum éisterräichesche Verfassungsgeriicht, d'Wahlen ze widderhuelen, war dofir déi eenzeg richteg. Wat fir eng Legitimitéit hätt soss den neie President gehat?

Keng Glanzleeschtung vu politescher Ausernanersetzung waren awer och d'Konfrontatioune vun de politesche Géigner op der Televisioun. Et deet der Glafwierdegkeet vu Politiker net gutt, wann aplaz vum Austausch vun Argumenter mat Ënnerstellunge geschafft gëtt an dem Géigeniwwer systematesch Lige virgehäit ginn. No enger méi ewéi penibeler Konfrontatioun bei deem éischte Wahltermin huet och de leschte Fernseh-Duell net vill Guddes bruecht. Ganzer 24 Mol huet de Rietspopulist Hofer sengem politesche Géigner Ligen an Onwouerechte virgehäit, ouni dat an iergendenger Form ze beleeën.

Dëst erënnert un déi iwweraus erfollegräich Wahlstrategie vun engem Donald Trump, dee beschtens gewisen huet, ewéi ee mat permanenten Ënnerstellungen d'Kredibilitéit vum politesche Géigner kann ënnergruewen. Et ass eng geféierlech Tendenz an onser haiteger Zäit, gestäerkt duerch de Vehikel vun de soziale Medien, datt d'Wourecht ëmmer manner eng Roll spillt.

Besonnesch dramatesch ass dobäi, datt den Niveau vun der politescher Ausernanersetzung sech op d'Stëmmung am Vollek iwwerdréit. Dat huet een net nëmmen an Éisterräich, mä och an Italien oder den USA gesinn. An Éisterräich op jiddwerfalls huet seelen eng Wahl e Vollek esou gespléckt. Duerfir sinn ech frou, dass dem neigewielte President seng éischt Prioritéit ass, d'Rëss an der Gesellschaft ze kitten an d'Vollek erëm zesummenzeféieren. Ech wënschen him derbäi vill Erfolleg!


*Colette Flesch, fréiere Minister, Éierebuergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.