Carte Blanche vum Marc HostertD'Mondialisatioun huet den Ament e battere Bäigeschmaach an dach hu mir bis elo all dovunner profitéiert

De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.

Ass et fir éischt an der Geschicht, datt Deeler vun der Bevëlkerung d'Mondialisatioun ofleenen?  Wat ass haut anescht wéi an den 1980er bis zu den 2000er Joren? Kéint een d'Mondialisatioun an engem Land stoppen? Wat géif dat fir kleng Länner ewéi Lëtzebuerg bedeiten?

De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen op der Sich no Äntwerten zur Mondialisatioun zu Lëtzebuerg an an Europa..

Carte Blanche: Marc Hostert (21. Dezember)


Mir liewen an enger Zäit am Ëmbroch. Länner wei China, Brasilien an Tierkei, déi bis virum Kuerzem héije Wuesstem haten, sinn a Schwieregkeeten. A villen Industrielänner brénge Regierungen et net fäerdeg, wéi et um Beispill vum “Brexit” ze gesinn ass, de Bierger plausibel ze erklären, dass hiert Land ekonomesch vun der Mondialisatioun profitéiert an datt et d'Mondialisatioun och weider gëtt, wann England net méi Member an der EU ass.

Mouvementer géint d'Mondialisatioun sinn et an der Geschicht schonn ëmmer ginn. Se sinn eng geschichtlech Konstant. Den Aristoteles beschreift schonn am 4. Joerhonnert virun eiser Zéit, dat Bierger Produkter, Iddien a Leit aus der Friemt ofgeleent hunn.

Déi amerikanesch Revolutioun ass 1773 ugaangen mat enger Revolt géint den Import vun Produkter aus Indien an aus England. E puer Dosen Tonne beschten Téi sinn am Hafe vu Boston bei der sougenannter “Boston Tea Party” am Mier versenkt ginn.

Tëscht dem éischten an dem zweete Weltkrich war eng laang Phas, wou friem Produkter allgemeng ofgeleent gi sinn.

Zanter den 2000er Joren hu sech trotz deem weider héije Wuelstand awer zwou Saache geännert. Et ass net d'Angscht virum frieme Produkt oder Service mä, éischtens, déi diffus Angscht virun der Immigratioun an dëst besonnesch an deene Länner, wou den Taux am niddregsten ass. Zweetens, d’Angscht virun den grousse Finanzgruppen aus dem Ausland an dëst besonnesch no der Banken-Kris vun 2008. Béides sinn Ängschte virun enger méiglecher Friembestëmmung. Dobäi kënnt fir den Eenzelen, datt am leschte Joerhonnert et bal fir jiddereen eng liewenslaang Aarbechtsplaz beim selwechte Patron gouf. Dat ass haut fir déi meescht leider net méi de Fall.

All dëst bréngt och eng gewëssen Onstabilitéit fir den Eenzele mat sech.

Et ass deemno net d'Problematik ëm den ekonomesche Wuelstand, deen eis haaptsächlech ze schafe mécht, mä vill méi d‘Ängschte virun der Onstabilitéit an der méiglecher Onsécherheet.

D'Äntwert op dës Ängschte si ganz oft Protektionismus, en Zeréck bei den National-Staat, de Ruff no der staarker Fra oder dem staarke Mann. Dës ass awer keng Léisung vum Problem well déi meescht vun dësen Ängschte géife weider bestoe bleiwen an esouguer méi grouss ginn. Ekonomesch gesinn, géife mer all vun esou engem Zeenario verléieren. Léisung kann nëmmen an der Stäerkung vun eisen nationalen an europäeschen Institutioune leien. Bei dëser Stäerkung vun eisen Institutioune muss de Bierger imperativ op allen Niveaue méi am Mëttelpunkt stoen.

Besonnesch fir e Land wéi Lëtzebuerg, dat den internationalen Handel, d'Immigratioun, internationaalt Kapital bluttnoutwenneg brauch an dat iwwerproportional als klengt Land, genau esou ewéi Schwäiz, Neiséiland, Irland, den Kuwait an de Libanon vun der Mondialisatioun profitéiert, ass déi eenzeg Optioun, den Ausbau a Stäerkung vun den Institutioune mam Bierger am Mëttelpunkt.   

An dësem Sënn wënschen ech eis all schéin a besënnlech Feierdeeg!  


 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.