Carte Blanche vum Georges HellinghausenChrëschtdag a wéi et entstanen ass

Reflexiounen iwwer Chrëschtdag a wéi dat Fest entstanen ass – dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche / Georges Hellinghausen


Chrëschtdag, dat ass d'Fest vum mënschefrëndleche Gott, dee wollt als Mënsch ënnert d'Mënsche kommen, fir hinne gutt gesënnt ze sinn. Dës wohltuend Frëndlechkeet gëtt ë. a. ausgedréckt an der Symbolik vum Liicht, dat d'Däischtert hell mécht. An dës Liichtsymbolik huet, entstehungsgeschichtlech, ze di mam Datum vum 25. Dezember. Wuel ass et de Gebuertsdag vum Jesus vun Nazareth, als Messias a Jong vu Gott, deen do gefeiert gëtt, awer et ass e fiktiven Datum. Do hu mir zu Lëtzebuerg jo Übung, gëtt dach och eisem Staatschef säi Gebuertsdag um fiktiven Datum vum 23. Juni, also Nationalfeierdag, begaangen.

Gleeft ee Reliounswëssenschaftler, da grefféiert dat chrëschtlecht Fest vum 25. Dezember sech op dat aalt heednescht Fest vum „Sol invictus", der onbesiigbarer Sonn, dat virun 2000 Joer op deem Datum gefeiert gouf. Well vun do un, no der Wantersonnenwende, ginn d'Deeg nees méi laang, d'Nuechte méi kuerz a setzt d'Liicht sech nei an ëmmer méi duerch.

Mat dësem Liicht, dat an d'Welt kënnt, hunn d'Chrëschten d'Gebuert vu Christus a Verbindung bruecht, nom Motto: Hien ass déi Sonn, déi opgeet am Liewen, an eisen Häerzer, fir se hell a waarm ze maachen. Hien duerchbrécht all dat Däischtert, wat et an der Mënschheetsgeschicht gëtt.

Weder dat Sentimentaalt vun de Weihnachtslidder an d'Glühwäinromantik vun de Chrëschtmäert nach de Konsumrausch an d'Cadeaumanie sinn dat eigentlecht Markenzeeche vun dësen Deeg, och net de Festmenü oder déi romantesch Schnéilandschaft, dee erbäigetrellert soll ginn, mä d'Ursymbol Sonn, chrëschtlech ëmgedeit, mat der neier Liichtqualitéit, déi och an engem liichtbestëmmten, helle Liewe sech sollt reflektéieren.

Am Sonnekult waren Heedentum a Chrëschtentum sech nokomm. Esou wéi haut Chrëschtdag e Fest vun alle Mënschen ass, gleeweg oder net.

Chrëschtdag ass also net vum Himmel gefall, mä huet sech inkarnéiert an deem, wat et virfonnt huet. Dat seet eppes aus iwwer d'Fest selwer an déi Relioun, déi doraus entstanen ass: sech inkarnéieren, d. h. Wuerzel schloen a Kultur a Gesellschaft an an der Geschicht vun den Äerdbewunner, esou wéi vum Jong vu Gott gesot gëtt, dass hien sech inkarnéiert huet, also mënschlecht Fleesch, mënschlech Gestalt ugeholl huet.

Stéchwuert „Mënschefrëndlechkeet"! Do fält mer e bekannte Saz vun engem Nopeschbëschof an, deen dat Humaant vun deem Fest viséiert, wann e seet: „Mach's wie Gott, werde Mensch!"

Georges Hellinghausen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.