Carte Blanche vum Marc Schiltz"Wat ass Wourecht?"

An Zäite vu Post-Wourecht schénge wëssenschaftlech Fakten net méi vill ze zielen an Theme ginn oft nach just wei Glawensfroen behandelt. De Marc Schiltz erkläert an senger Carte Blanche firwat mer wëssenschaftleche Fakten weiderhi Vertraue schenken kënnen.

"Wat ass Wourecht?" huet scho virun 2000 Joer de Pontius Pilatus gefrot.

Am Kontext vum Brexit an der Wahl vum Donald Trump gëtt villfach vun enger Zäit vu "post-Wourecht" geschwat. Dee Begrëff ass zum Wuert vum Joer am Oxford Dictionnaire gekürt ginn. Post-Wourecht oder post-faktesch dat ass eng Astellung wou Fakten an etabléiert Kenntnisser einfach op d’Säit gedréckt ginn.

Beispill Klimawandel: d’Klimafuerscher weltwäit hunn iwwer déi leschte Joren eng Onmass un Donnée gesammelt an analyséiert. Si hunn hir Analyse mat anere verglach, géigesäiteg kritesch hannerfrot, een huet deem anere seng Analyse versicht ze reproduzéieren.

D’Konklusioune si mëttlerweil eendeiteg: de Klimawandel ass eng Realitéit, an en ass och mat vum Mënsch verursaacht. Méi wéi 97% vun de Klimafuerscher weltwäit stëmmen dëser Konklusioun zou.

An dach hu mer elo ee President vun der mächtegster Natioun op der Welt, deen dat einfach niéiert. Et gëtt gemaach wéi wann et just eng Glawensfro wier: Klimawandel, entweder et gleeft en drun oder net. A wann een net dru gleeft, dann huet et och keng Realitéit.

An da kommen nach déi üblech Strategen, fir sech selwer an anerer ze iwwerzeegen: Donnéeën an Analyse gi selektiv gekuckt; Pseudo-Experte ginn aus dem Hutt gezaubert, an alles dat wat engem seng Iwwerzeegung net géif konforméiere gëtt denigréiert.

Mir mussen awer net onbedéngt esou radikal Beispiller ewéi de Klimawandel an den Donald Trump uféieren.

Hei bei ons, féiere mer am Moment erëm eng Diskussioun iwwert eent vun onse Liiblingsthemen: d’Plaz vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft. Mee och heizou gëtt et mëttlerweil zimlech detailléiert an komplett Donnéeën, déi ënnert anerem vum STATEC erhuewe ginn. An d’Sproochfuerscher op der Uni Lëtzebuerg hunn déi Donnéeë méi genau analyséiert a kommen zu engem méi nuancéierte Resultat, dass Lëtzebuergesch eng ganz vital Sproch ass.

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch als zweet Sprooch. Et kann also kaum Ried dervu sinn, dass ons Mammesprooch riskéiert, ënnerzegoen.

D’Fuerschung berout grondsätzlech op Fakten, op bewise Resultater. Si entwéckelt sech weider, well ee Fuerscher sech, natierlech mat engem kritesche Bléck, op Resultater vun anere Fuerscher baséiere kann. Des Fuerschungsresultater, déi ëmmer erëm iwwerpréift ginn an iwwert eng länger Zäitspan erreecht goufen, kennen dozou bäidroen, iwwert d’Fuerschung eraus gesellschaftspolitesch Entscheedungen ze motivéieren an ze ënnermaueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.