Carte Blanche vum Roland Pinnel"Mir verkafe Lëtzebuerg"

War Der och an d’Vakanz? Oder besser gefrot: war der och op d’Vakanz? Ech mengen déi Vakanz vum leschte Week-end, de Salon «Vakanz» an der Luxexpo um Kierchbierg. Hie war ganz flott an hat, trotz deenen zum Deel ongënschtege Wiederbedingungen, e grousse Succès. Dozou eng carte blanche vum Roland Pinnel.

D’Stänn vun den Exposante ware wonnerbar erausgefiizt. All Aussteller an all Destinatioun huet sech vun der Schockelassäit gewisen. Ee wollt deen aneren a senger Duerstellung iwwertrompen.

A propos Destinatioun an Duerstellung. Hutt Der och dee schéine Stand, fir net ze soen dee schéine Pavillon, vu Lëtzebuerg gesinn? E war wierklech gutt geroden a mir hunn eis mat deem neie Visuell exzellent presentéiert.  Mir hunn - wéi huet et scho méi deslescht beim Virstelle vun eiser Participatioun un der Weltexpo zu Dubai geheescht? Mir hu Lëtzebuerg verkaf. Mir haten zwar viru ronn 150 Joer schonn eng Kéier een, dee Lëtzebuerg verkafe wollt. Dat wëlle mer jo haut bestëmmt net méi. Beim Dubaier Beispill war wuel gemengt: mir wëllen  d’ D e s t i n a t i o u n  Lëtzebuerg  verkafen. Am Fachjargon heescht dat: mir maachen «Destination sales».

Esou wäit, esou gutt.

Mee, ass Iech op dem Salon «Vakanz» opgefall, wéi mer eist Land mat sengen touristesche Regiounen neierdéngs duerstellen?

Et gëtt zanter dem leschte Joer eng touristesch Regioun, déi heescht ewell «Guttland-Zentrum/Westen». Wann et also eng Regioun gëtt, déi esou heescht, da misst et eigentlech logescherweis och nach e Guttland «Zentrum/Norden» ginn; an eent  «Zentrum/Süden» an och nach eent  «Zentrum/Osten». Dat gëtt et awer net. An dat ass och gutt esou, well dat wär komplette Mumpitz.

Wat awer d’Billerkëscht bei den Touristen trotzdem nawell allerhand duerchernee bréngt, ass folgenden Ëmstand: et gëtt jo scho souwisou am Land eng geografesch oder geologesch – nennt et wéi Der wëllt – Géigend, déi «Guttland» heescht. Grad esou wéi et eng Géigend gëtt, déi  «Éislek» heescht. An zum Guttland gehéiert nun eben net nëmmen déi erwäänten touristesch Regioun «Guttland-Zentrum/Westen», mee dozou gehéieren och nach déi dräi aner touristesch Regiounen, déi do heeschen «Miselerland», «Mëllerdall» an «Terres Rouges», nieft och nach der Stad.

Fazit : Fir d’Leit net ze verkuerbelen, wär et net schlecht gewiescht, de Begrëff «Guttland» do ze loossen, wou en higehéiert. Nämlech an de geografesch/geologesche Beräich an net an d’Denominatioun vun enger vun de véier touristesche Regiounen, déi et am «Guttland» gëtt.

Dat hätt bestëmmt dem Guttland an dem Land gutt gedoen. Och an ebe beim Verkafe vu Lëtzebuerg. Pardon, beim Verkafe vun der touristescher Destinatioun Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.