Carte Blanche vum Paul RauchsVum Trump an der Lëtzebuerger Sprooch

A senger Carte Blanche setzt sech de Paul Rauchs mat dem Lëtzebuergeschen auserneen an der Fro, ob hien déi wierklech als Amtssprooch wéilt.

Carte Blanche vum Paul Rauchs (18. Januar 2017)



Wat huet d’Wahl vum Trump mat der Qual vun eiser Sprooch ze dinn? Ma deen een gëtt um Enn vun der Woch als neien amerikanesche President vereedegt, während iwwer déi aner am Ufank vun der Woch an der Chamber debattéiert ginn ass. Dee gewielte President wëllt eng Mauer tëschent Mexiko an Amerika bauen, während net gewielte Lëtzebuerger eng Mauer opriichte wëllen, tëschent hirem Dialekt engersäits, an der däitscher a franséischer Sprooch anerersäits. Mä dat staarkt Amerika huet et genau esou wéineg néideg protektionistesch a populistesch ze reagéieren, wéi dat staarkt Lëtzebuergesch, dat nach ni vun esou ville Leit geschwat a verstane gouf. Deen een ass vun enger Minoritéit vu wäisse protestantesche Männer gewielt ginn, déi aner gëtt vun enger Minoritéit vu kathoulesche Männer bal wéi eng Footballsequip ugefeiert. Well wat sinn da bal 15.000 Ënnerschrëften, déi d'Lëtzebuergesch als Amtssprooch verlaangen, géint méi wéi geschätzt 300.000 Bierge,r déi dës Sprooch all Dag doheem, op der Aarbecht, am Bistro an heiansdo souguer am Buttek schwätzen? Eng geschwätzeg Minoritéit wëllt also Lëtzebuergesch zu enger langweileger Amtssprooch maachen, während eng schweigend Majoritéit hire Schrëftsteller a Matbierger vertraut, Lëtzebuergesch als eng lieweg Sprooch all Dag erëm nei z'erfannen.

Wann ech dat Wuert Amtssprooch héieren, denken ech fir d’aller Éischt emol un amtlech « Bekanntmachungen », déi vill vun eis nach a onglécklecher Erënnerung hunn. Neen, ech wëll meng Mammesprooch net zur Amtssprooch degradéieren, well si mer vill ze schuet an, wéi den Herr Welter sot, ze helleg ass, fir se am Courrier mat allméigleche Verwaltungen ze verhonzen. Iwwregens hale verschidde gleeweg Judden et ähnlech mat hirem Hebräeschen. Meng Mammesprooch ass wéi all Sprooch räich a verschiddenen Domänen an ass blann a stomm, wat aner Themen ubelaangt. Eis Mammesprooch ass wéi all Sprooch net komplett, ënner anerem, well si justement kéng Amtssprooch ass a bis an d’19. Jorhonnert och kéng Schrëftsprooch war.

D’Psychanalyste soen eis, dass de Fetischismus näischt aneres ass, wéi dëse Manktem vun der Mamm a vun hirer Sprooch verstoppen ze wëllen. Mir sollen eis also hidden e Fetisch aus eiser Sprooch ze maachen. Juristen, Schrëftsteller, Soziologen, Enseignanten a last but not least och Economiste ginn dann och net midd eis ze soen, wéi onsënneg, jo wéi suicidär et wier, den Amtsschimmel op lëtzebuergesch wiehern ze loossen. An dem Sënn: mir wëlle schwätze wat mer sinn a wëlle beileiwen kéng Hochstapler ginn, déi e geliftent a botoxéiert Kauderwelsch imposéiert kréien. Mat esou 14.000 Frënn brauch eis Sprooch kéng Feinde méi.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.