Carte Blanche vum Michel Maquil"Impact Investing"

A leschter Zäit versichen ëmmer méi Leit hiert erspuertent Geld méi laangfristeg ze investéieren, wou se da mat enger enormer Palette vu Méiglechkeete confrontéiert ginn. Wann de Spuerer awer och duerch säi Placement wéilt novollzéibar Resultater erreechen, da muss hien op den "Impact Investing" zréckgräifen, deen him dës Méiglechkeet gëtt, wat de Michel Maquil a senger Carte Blanche erkläert.

D'Carte Blanche vum Michel Maquil



Vill Leit déi en Deel vun hirem erspuerte Geld an Aktien, Obligatiounen  oder Investmentfongen investéiere wëllen, drécken och oft de Wonsch aus ze wëssen, wat mat hirem Geld konkret geschitt.

Do ginn et zwou Alternativen.

Esou kann de Spuerer ganz einfach refuséieren a Gesellschaften ze investéieren déi z.B. Waffen hierstellen, Casinoe bedreiwen oder gesondheetsschiedlech Produkter op de Maart bréngen, an der Hoffnung datt déi aner Gesellschaften déi positiv Säit vun der Ekonomie duerstellen. Dat ass eng Approche, déi op dem "Ausschlussverfahren" baséiert. De Kompensatiouns-Fong vum Lëtzebuerger Pensiounssystem verfollegt esou eng Politik vum "Ausschlussverfahren". An eiser komplexer Welt ass et oft ganz schwéier esou Gesellschaften ouni Zweiwel ze identifizéieren an trotz gréisster Suergfalt ginn awer Investissementer gemaach, déi duerno a Fro gestallt ginn.

An de leschte Jore ass duerfir den "Impact Investing" opkomm, eng  Approche, déi ganz zilorientéiert virgeet. Hei gëtt bewosst nëmmen a Gesellschaften investéiert, déi Aktivitéiten hunn, déi een novollzéibaren a besonnesch ee moossbaren Impakt op d'Ëmwelt, d'Energie Produktioun, op d'Landwirtschaft oder op nei Produktiounsmethoden mat sech bréngen, an doriwwer eraus och nach Gewënn erwirtschaften. Et ass eng Tendenz déi zanter kuerzem vu villen internationale Gremien, bis hin zum G8, ganz aktiv ënnerstëtzt a gefërdert gëtt. Och déi ganz grouss international Fongegesellschafte kommen elo ëmmer méi mat esou Finanzprodukter op de Marché, fir där staarker Nofro vu private Leit a vu grousse Gesellschaften, wéi Assurance a Pensiounsfongen, nozekommen.

Secteuren, wou vill esou "Impact Investing" gemaach gëtt, sinn  z.B. déi nohalteg Landwirtschaft, d'erneierbar Energie, d'Mikrofinanz, d'Gesondheet, de Fair Trade a nach vill méi. Et ass eng Form vu responsabelen Investissementer, déi musse kommen, wa mer eis Aart a Weis ze liewe méi nohalteg wëlle gestalten.

Et verlaangt och vum Spuerer sech besser a méi geziilt ze informéieren, wéi wann en an aner Gesellschaften investéiert. Dat selwecht gëllt och wann een a Fongen investéiert, déi esou eng Investment Politik hunn. De Spuerer wier och gutt berode fir selwer an d'Aktionäersversammlungen ze goen fir hei am Dialog mat de Responsabele vun deene Gesellschaften ze lauschteren, wat si maachen a wat hier Pläng fir d'Zukunft sinn. De Spuerer soll eng aktiv Roll anhuelen an och net zécken seng Meenung zum Ausdrock ze bréngen wann en et fir néideg fënnt. Well et ass schonn e bësschen Engagement verlaangt.

Ëmgekéiert ass et och noutwenneg, datt déi Gesellschaften, an deenen investéiert gëtt, eng ganz cibléiert, standardiséiert a liicht verständlech Informatioun verëffentlechen, déi den Erwaardungen vun de Spuerer entsprécht.

Den "Impact Investing" kann eng ganz einfach Method duerstellen, déi et jidder Spuerer erlaabt fir konkret a mat klenge Schrëtt een nennenswäerten Impakt ze erreechen.

Michel Maquil
President vun InFiNe (luxembourg Inclusive Finance Network)
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.