Carte Blanche vum Patrick MichaelyKulturstreik

Wéi wiert ee sech an dëser “postfaktescher” Zäit géint d’Normaliséierung vum Trumpismus a sengen "alternative facts". Ma, gitt méi an d’Muséeën. Dozou rifft de Patrick Michaely a senger Carte Blanche op.

Carte Blanche vum Patrick Michaely



Wéi vill waren et der dann elo? Just 250.000, wéi eng Partie vun der Press et duerstellt, huet oder awer annerhallef Milliounen, wéi den Här Trump selwer mengt erkannt ze hunn. Oder souguer nach méi, souvill wéi nach ni, an domat basta. Fuerdert mol de Pressespriecher vum Trump. Well gleewen, däerf ee jo kengem, virun allem net der béiser Press.

Also, wann ee bis elo nach net verstanen huet, wat mam Wuert vum Joer "postfaktesch" gemengt ass, krut ee mat dëser bizarer Geschicht an den éischten Deeg vun der Trump-Ära schonns direkt e Schoulbeispill geliwwert. Selbstverständlech kënnen Tatsaachen alternativ erkläert oder interpretéiert ginn, d'Realitéit léisst sech domadder awer net änneren. 250.000 Leit gesinn aus engem gewësse Wénkel eventuell och no 500.000 aus, vläicht och no 1 Millioun, bleiwen awer ëmmer nach just 250.000 Leit.

Elo krut d'Welt am Kader vun dësem Klengkrich tëscht Trump an der Press gläich en neien Absurdum mat geliwwert, dee leider versprécht, d’Politik vun den nächste Jore matzebestëmmen: d’Begrëfflechkeet vun den “alternative facts”. Dës Wuertkombinatioun héiert sech un wéi “virtuell Realitéit”, an esou kontradiktoresch kënnt et engem mëttlerweil och tatsächlech vir. Wann héichrangeg Perséinlechkeeten aus dem Donschtkrees vum amerikanesche Staatschef mat Iwwerzeegung plädéieren – obwuel et sech fir vill Leit éischter wéi puren Zynismus unhéiert - datt et duer geet, einfach "aner" Tatsaache wielen ze kënnen, fir e Problem aus der Welt ze schafen, da versprécht dat näischt Gutts fir eng zukunftsfäeg Demokratie, déi op Kompromëss, Differenzéierung, Dialog an engem respektvolle Mateneen opbaut.

Tatsaach Klimawandel? Gëtt et net. Tatsaach Evolutioun? Kann net sinn an enger vu Gott designter Welt. Tatsaach Immigratioun als positive Wirtschaftsfaktor? Op kee Fall, d’eegen Haut geet vir.

An esou Zäite vun Onsécherheeten an enger ongehemmter Radikaliséierung sinn elo grad Muséeën a soss Kulturhaiser opgefuerdert, ze weisen, datt d’Kultur ons trotz allem méi verbënnt, wéi trennt. An den USA haten um Inauguration Day vum Trump eng honnerte vu Kënschtler a Konschtkritiker zum "J20 Art Strike" opgeruff, fir domadder géint “d’Normaliséierung vum Trumpismus a sengem gëftege Mix aus wäisser Virherrschaft, Fraefeindlechkeet, Friemefeindlechkeet, Militarismus an oligarchescher Herrschaft” ze protestéieren. Eng Rei vu Muséeën hunn tatsächlech aus Protest zougemaach, anerer hu par contre deen Dag d’Leit gratis eragelooss.

Mat e bëssen Ironie ass bei onsen däitschen Nopere bemierkt ginn, datt d’Angela Merkel op hir Manéier demonstrativ matgestreikt a sech d’Trump-Show doduerch erspuert hätt, datt se en neie Musée inauguréiert hätt. Ma, Recht hat se!

Muséeën, déi erklären an net verklären, kënne Leit ronderëm e Wierk, en Objet, eng Geschicht, eng kuratéiert Sammlung dozou bréngen, d'Differenzen tëscht Meenungen, Kulturen a Leit z'akzeptéieren. Si si sécher Plazen, déi et erlaben Saachen a Rou nieft wëllfrieme Mënschen unzekucken, an dat ouni Konfrontatioun. Well et ass dëse Virwëtz, deen et ons erlaabt, besser ze verstoen, wie mir si a wien déi aner sinn. Gitt méi an d’Muséeën!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.