De Méinde war den Internationalen Dag vun de Frae a Meedercher an der Wëssenschaft, den Dënschden ass mam Darwin Day dem grousse Naturalist Charles Darwin säin 210. Gebuertsdag gefeiert ginn. En Donneschdeg war den Dag vun alle Verléiften. Wéi passt dat alles beieneen? A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely vun enger enttäuschter Léift. 4 Commentaire(n)
Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff? Mir kënnen dat änneren, wa mer wëllen, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg. 2 Commentaire(n)
De Jean-Louis Schlesser mengt, datt d'Schwieregkeete vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen, eng zentral lëtzebuergesch Problematik, déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen. 4 Commentaire(n)
D'Wunnengspräisser klammen ëmmer weider an et ass bis elo keng Léisung a Siicht. E gudden Deel vun der Hausse geet op d'Spekulatioun op Bauland zeréck. A senger Carte Blanche skizzéiert de Gilles Hempel e Model, fir dës Entwécklung ze ënnerbannen a gläichzäiteg sozialen an abordabele Wunnraum ze schafen. 5 Commentaire(n)
Dozou eng Carte Blanche vum fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels. 37 Commentaire(n)
Wat ass de Stellewäert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft? Si mir eis der Komplexitéit vum Schoulhalen an der Lëtzebuerger Schoul bewosst? 10 Commentaire(n)
De Benoît Reiter, Jurist an Historiker, konfrontéiert eis haut de Moie mat dem rietsen an dem lénken A. 26 Commentaire(n)
An dëser Carte blanche vum Michel Maquil gëtt gewise wéi Lëtzebuerg mat aner Partner, besonnesch an Afrika, eng ganz sënnvoll Hëllef leescht, fir esou Systemer méi sécher ze maachen. 1 Commentaire(n)
A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stelle sech a brauchen Äntwerten. Mä geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d’Verkéiersnetz virzegesinn, fir dat an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen? 22 Commentaire(n)
Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vum Nicaragua. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg. 3 Commentaire(n)
Grossherzogins Geburtsdag war op dësem Datum, wéi ech nach e Bouf war. Mir stoungen eis do brav d’Been an de Bauch am Rousegäertchen, fir an der Keelt vum Wanter dem Fakelzuch an der Neier Avenue nozekucken. Wann et gutt goung, hate mer e klenge rout-wäiss-bloe Fändelchen fir ze wénken. 5 Commentaire(n)
Resultater vun der ëffentlecher Fuerschung sollte fir jiddwereen zougänglech sinn. Ma d’Realitéit ass anescht: D’Maisons d‘édition verspäre wëssenschaftlech Publikatiounen hannert deiere Paywalls a maachen domadder enorm Beneficer. De Marc Schiltz steet als President vu Science Europe un der Spëtzt vun enger Initiativ, déi des Paywalls wëll ofschafen (https://www.coalition-s.org/why-plan-s/). 2 Commentaire(n)
Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit léisst um europäesche Modell verzweiwelen. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf. 7 Commentaire(n)
An eiser Carte blanche vun haut, oder besser gesot an eiser „Carte jaune“, wéi hie se intituléiert huet, zeechent de Paul Hammelmann, unhand vun 3 Beispiller eng éischter düster Visioun vun Europa am Joer 2019. 8 Commentaire(n)
Politik a sozialen Netzwierker, dat kann e geféierleche Cocktail sinn. Mat ville Risiken a Niewewierkungen. Eng Carte Blanche vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener. 12 Commentaire(n)
Am Hannergrond vum Michel Houellebecq sengem neie Roman an de Manifestatioune vun de Gilets Jaunes, stellt de Paul Rauchs sech dës Fro. 16 Commentaire(n)
D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit, wou een d'Joer Revue passéiere léisst a sech besënnt op dat, wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag. 6 Commentaire(n)
An hirer Carte blanche geet d'Anne Brasseur op déi initial Vokatioun vun Europa an - de Fridden. A virum Hannergrond vun aktuellen Entwécklungen an der Welt schwätzt sech d'Politikerin fir eng europäesch Arméi aus. 20 Commentaire(n)
An der Chrëschtzäit ginn traditionell vill Donen, "Actions de fin d’année" an Ähnleches méi fir gutt Zwecker a fir sozial Institutiounen gemaach. Eng dovu presentéiert an enger Carte blanche de Georges Hellinghausen. 8 Commentaire(n)
Chrëschtdag - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Si se wierklech sou idyllesch, wéi dat an sou muncht Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Doriwwer eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a begeeschterten Kommunikatiounsexpert. 4 Commentaire(n)