Commentaire vum Jean-Marc SturmAss d'Sozialdemokratie an Europa nach ze retten?

E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Fänke mir emol mat eisem Noper Frankräich un. Do huet sech ee Bild a mengem Kapp festgebrannt. D'Bild vum François Hollande, dee bei der Commemoratioun vu 70 Joer Liberatioun am Finistère wuertwiertlech am Ree stoegelooss gouf. Et huet wéi aus Eemere geschott. De franséische President stoung do, ouni Abris, ouni Präbbeli, plätschnaass an e Mikro ze schwätzen, ee Mikro, deen ausgesinn huet, wéi en naassen Hond, den Hollande wéi en naasse Puddel, net capabel seng Ried ze liesen, well de Brëll voller Drëpse war.

Elo wou hien net méi an d'Course ëm den Elysée geet, steet seng Partei net vill anescht do wéi hien am Finistère.

De Premier Valls huet sech missen afferen. De lénke Flillek setzt op den Hamon, de Mann mam Basis-Grondakommes. Nach méi lénks, mä onofhängeg de Mélenchon, deen niewebäi jalous op eise Projet vum Space-Mining ass. An dann ee fréiere Wirtschaftsminister Macron, dee ville Sozialisten ze liberal ass a mat engem Fouss och alt emol riets vun der Mëtt steet. Ee Macron, vun deem heiheem vill eeler rout Huese mengen, dass hie wuel nach de beschte Choix ass, fir e Marine Le Pen am zweeten Tour ze schloen. De PS ass am Gaangen ze implodéieren. De Fillon, Kandidat vun der Droite, ass sengersäits am Gaang, sech selwer ofzeseeën. Dem PS schéint dat awer net vill ze notzen.

Anescht d'SPD an Däitschland. Do huet de Gabriel mat Zäiten d'Noutbrems gezunn oder gezu kritt. De Schulz geet an d'Course, d'Sondage ginn deem Choix Recht. Trotz senger Proximitéit zum Kommissiounspresident a senge eegene Joren als President vum Europaparlament.

Am direkte Verglach géif de Schulz enger Ëmfro no esouguer „d'Mutti der Nation“ klappen.

An eis Genossen dann?

Se hu mam Jean Asselborn zwar dee beléiftste Politiker, se leien trotzdeem engem leschte Sondage no nëmme méi bei moren 10 Sëtz. Si hoffen op den Effet Steierreform. De Hoken ass awer, dass een do d'Gesiicht vum Finanzminister Pierre Gramegna drop gesäit.

Wou ass nach Potential fir d'LSAP, de klassesche Lëtzebuerger Aarbechter ass eng Spezies, déi um Ausstierwen ass? Dat hu se och bei de Gewerkschafte gespuert. Déi konnten awer géigesteieren. Si hunn op d'Frontaliere gesat an hunn och fir de Rescht bei de Residente vill Net-Lëtzebuerger u Bord. Nom Echec vum Auslännerwahlrecht muss d'LSAP een anere Wee goen, fir nees méi stabil do ze stoen.

Et ginn nach ëmmer vill Mënschen, och heiheem, déi an der globaliséierter Welt zu de Verléierer gehéieren. Déi mussen d'Genossen u Bord kréien, quitt dass déi Clientèle sech och séier fir déi Lénk interesséiert.

Da géif nëmmen nach déi politesch Mëtt bleiwen, an do gëtt et enk. Et ass e gewote Spagat fir d'Sozialisten um Beispill vun enger anerer Flüchtlingspolitik a parallel der Diskussioun iwwert Aarbechtszäitverkierzung.

Dat erënnert mech un de Larousse "Je sème à tout vent".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.