Commentaire vum Claude ZeimetzËnnerdaach kommen

Lëtzebuerg denkt also an der Immigratiouns- an Asylpolitik ëm, ouni datt een dat sou nenne soll. Demandeurs d’asile ginn a verschidde Kategorien ënnerdeelt. Wéi dat genee funktionéiere soll, war bis gëschter nach zimlech onkloer. Den Hannergrond awer ass evident, mengt d’Claude Zeimetz a sengem Commentaire.

Commentaire vum Claude Zeimetz



D’Corinne Cahen wëll eppes op alle Fall verhënneren. An déi selwecht Situatioun ze kommen wéi hirer Virgängerin Maire-Josée Jacobs, déi Demandeurs d'asile op Campingen huet missen ënnerbréngen. Ma déi geplangte Containerdierfer si juristesch ausgebremst, nei Sitten wuessen net wéi Champignonen aus dem Buedem an an engems stoussen d‘Strukturen vum Olai un hir Grenzen. Duerfir huet d’Integratiounsministesch och hirem Ministerkolleg Jean Asselborn Damp gemaach. D’Rechnung, och wann et e bësschen eng Mëllechmeedcherechnung ass, well sou einfach ass et och net, ass nämlech séier gemaach.

An de Strukturen vum Olai souzen an der Lescht 1.200 Leit, déi u sech näischt do verluer hätten. 800, déi de Flüchtlingsstatut hunn, mä néierens ënner Daach kommen. 200, déi hiert Asylrecht refuséiert kruten, an nach emol 200, déi ënnert d’Dublin III-Regel falen, well se schonn an engem aneren EU-Land hir Demande op Asyl gestallt hunn. Besonnesch déi sinn de politesch Responsabelen neierdéngs en Dar am An. Si sollen lo via déi sougenannte „Balkan Prozedure“ ofgeschreckt ginn, iwwerhaapt ze kommen an dann och ultra-acceleréiert nees heem gedämpt ginn.

Fir si ass elo d'Hal 6 vun der Luxexpo geduecht, pardon dem “Centre temporaire pour réfugiés Kirchberg” geduecht. Déi Responsabel vun de Foireshalen wëllen nämlech net, datt hir Marque an der Ëffentlechkeet mat der Explusioun vu Leit associéiert ginn.

Sou ähnlech geet et och dem Jean Asselborn, kéint een heiandsdo mengen. De beléifste Politiker vum Land appelléiert als Ausseminister an däitschen Talkshows all ze gär un d’Gewësse vu sengen europäeschen Homologen, mä mécht sech als Lëtzebuerger Immigratiounsminister hei am Land dacks rare. An och delegéieren un déi zoustänneg Beamte fir Interviewen ze ginn, wëll de Minister meeschtens net. Dobäi feelt et sécher u Froen. Déi lescht Reorganisatioun vun der Asylpolitik virun annerhallwer Woch ass iwwregens duerch d’Press public gemaach ginn. Ëmmerhin huet de Jean Asselborn sech gëschter bei den Deputéierten entschëllegt, si net éischter informéiert ze hunn. D'Reorganisatioun wier nach net ganz prett an hie wier am Spidol gewiescht. Donieft gouf et och eng Rei Präzisiounen.

Firwat net direkt? Dat muss een do froen. Grad wéi ee sech froe kann, firwat d'Prozeduren net allgemeng zu Lëtzebuerg acceleréiert kënne ginn. Dobäi ass et kloer, den Haaptdefi gëtt mat all deem net geléist. Dat sinn nämlech net d'Leit vum Balkan, déi nach ëmmer komm sinn a meeschtens rëm heem ginn, ma déijéineg, déi elo, zu hirer vill méi, bleiwen, ma keng Wunneng fannen. Eng Wunneng, déi nieft der Aarbecht och Garant wier, fir sech wierklech integréieren ze kënnen.

Mir hu keng Flüchtlings- mir hunn eng Wunnengskris, sot den Direkter vun der Agence immobilière sociale d’lescht Woch bei eis op der Antenne, an déi kréien d'Flüchtlinge grad wéi vill aner fragile Leit ze spieren. Fir déi ze léisen, ass d’Politik am Allgemenge gefuerdert. E Wonnermëttel huet se bis ewell leider nach net fonnt.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.