Commentaire vum Guy WeberManner schaffen?

Packe mer déi drëtt industriell Revolutioun, wa mer manner schaffen? Oder solle mer net méi zilorientéiert fuerschen, innovéieren a produzéieren?

Manner schaffen? (06.03.2017)
Packen mer déi drëtt industriell Revolutioun,wa mer manner schaffen?Oder solle mer net méi zilorientéiert fuerschen,innovéieren a produzéieren?

Dann ass jo och d'Diskussioun iwwert d'Aarbechts-Zäite relancéiert. D'40-Stonne-Woch ass keen Dogma méi. Dat heescht, manner schaffe wär wuel eng méiglech Solutioun an der moderner digitaliséierter Welt, woubäi nach ze kläre bleift, wat déi Mënsche solle maachen, déi hir Plaz verléieren.

De Guy Weber freet sech a sengem Commentaire, ob et bei dëser "Innovatioun" fir Zukunft ka bleiwen.

4 vun de 5 gréisste Produzente vu Batterie fir Elektroautoe kommen aus Asien.

3 vun 5 Superrechner - dat si Computer, déi an der Bio, der Medezin, der Klimafuerschung wichteg sinn - stinn an Asien.

A béide Fäll si mer Europäer, mer Lëtzebuerger net am Spill.
Un de Schalthiewele vun der digitaliséierter Welt an och der Elektromobilitéit sëtzen den Ament Asiaten, virun allem Chinesen.

Mer hunn eigentlech d'Kontroll iwwert eis no Zukunft ofginn.

Bei der Elektromobilitéit fale mer vun enger Ofhängegkeet an déi aner. Nom Sprit aus dem arabesche Raum, d'Batterien aus Asien.

Bei den zwou éischten industrielle Revolutioune souzen d'Europäer an och mer Lëtzebuerger mam Stol nach am Boot.

Déi drëtt industriell Revolutioun bestëmme mer als Europäer an als Lëtzebuerger net wierklech. Mer sëtzen se nëmmen ëm. Aarbechtsplaze solle verluer goen. An déi, déi eng Aarbecht behalen, solle manner schaffen.

"Geet déi Rechnung op?", froen ech mech. "A wéi vill Plaze gi wierklech verluer? A wei engen Secteuren?"

Dofir froen ech mech och, ob mer als Europäer an als Lëtzebuerger net besser hätten, mer géifen nees méi zilorientéiert fuerschen, innovéieren a produzéieren, fir d'Kontroll iwwert eis eegen Zukunft nees erëmzekréien.

Oder si mer iwwersättegt? Kréie mer den technologesche Retard op d'Asiaten opgeholl, wa mer an Zukunft manner wëlle schaffen?

Aneschters schaffen ass vläit éischter de richtegen Ausdrock.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.