Commentaire vum Dany Rasqué"D'Alternativ demokratesch Reformpartei ass eenzegaarteg"

Déi Ausso, getraff op hirem Kongress, géif d'Dany Rasqué direkt ënnerschreiwen, och wann d'Bedeitung vun "eenzegaarteg" bei der ADR an dem Dany eng ganz aner ass...

D'Alternativ demokratesch Reformpartei huet sech e Sonndeg op hirem Kongress als "eenzegaarteg" duergestallt. Eppes, wat d'Dany Rasqué direkt géif ënnerschreiwen, wéi et a sengem Commentaire seet.

 

ADR / Commentaire Dany Rasqué

Allerdéngs huet dat Wuert "eenzegaarteg" an dësem Fall fir d'ADR sécher eng komplett aner Bedeitung wéi fir mech.

D'Partei huet sech selwer, hir Memberen an hir Iddien op deem Kongress gefeiert, bei mir ass just e batteren Nogeschmaach bliwwen, vun deem ech net weess, wéi eescht ech e muss huelen.

"Mir musse weisen, datt d'ADR fir Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger déi beschten Alternativ ass" huet de Fernand Kartheiser um Enn vu senger Ried betount.

Fir Lëtzebuerg a fir d'Lëtzebuerger... wierklech?  Op Lëtzebuergesch am Beschten? Natierlech!

Bleift natierlech d'Fro wat mat all deenen anere Leit ass, déi hei am Land liewen. Sinn déi der ADR egal? Sinn déi fir d'ADR e gewëssenen Iwwel, deen ee muss mat a Kaf huelen? Oder zielen se einfach net, soulaang se hir Stëmm net kënnen ofginn?

Dat sinn natierlech elo an den Ae vun der ADR wahrscheinlech béiswëlleg Froen, déi och eigentlech guer net dierften opkommen. Schliisslech huet quasi all Riedner um Kongress op déi eng oder aner Manéier ënnerstrach, datt een näischt géint Auslänner huet. Deen een huet betount, datt ee keng Partei vum kalen Häerz wier, deen aneren huet wuertwiertlech gesot, datt een houfreg drop ass Izi'en, Inovic'en, Ereira'en, Ukovic'en, Santos'en, Gühlan'en a Gonzalvez'en an der Partei ze hunn.

Et si genee esou Aussoen, déi mech alarméieren... an iergendwann, -heiansdo méi, heiansdo manner verstoppt- koum dann iergendwou dee berühmte "MÄ".

Wann et ëm Flüchtlingen geet, héiert dat sech bei der ADR dann ongeféier esou un:

"D'ADR ass keng Partei vum kalen Häerz... mä et gi Grenzen" oder "et ginn net genuch Sozialwunnengen - net fir eis Lëtzebuerger, net fir aner Residenten an och net fir Flüchtlingen. Och Flüchtlinge musse kënne wunnen, MÄ Flüchtlingen dierfen awer och net eng Prioritéit genéissen par Rapport zu eisen eegene Landsleit". Dat ass en Zitat vum Roy Reding.

Um Stamminet gëtt vläicht da mat der Fauscht op den Dësch geschloe a gebläert "dee Mann huet Recht", mä nondikass: Wou gi Flüchtlingen da prioritär behandelt?

Ass et net irresponsabel vu Politiker, de Leit andauernd esou e Quatsch anzetriichteren an domadder dofir ze suergen, datt ebe just "Grenzen" an eventuell nach vill méi Schlëmmes bei de Leit entsteet?

Esou Behaaptunge ginn alt emol gären gegleeft an dann och widderholl, mä d'Beweiser dofir, déi dauchen dono ni éierens op.

Wéi vill Kategorie wëll een an enger Gesellschaft schafen, wann ee vu Lëtzebuerger, anere Residenten a Flüchtlingen schwätzt?

Jo d'ADR ass eenzegaarteg.

Eenzegaarteg bëlleg! Ma dat probéiert een ze verstoppen, mat engem Succès dee sech awer zum Gléck bei deene meeschte Leit dierft a Grenzen halen.

Nee, als seriö Alternativ gesinn ech déi Partei net a wann d'ADR seet, si géif de Wee fir Lëtzebuerg weisen, da kann een dat mat engem schlechten an net aktuellen Navi vergläichen. Wann een deem follegt ouni selwer z'iwwerleeën, riskéiert ee riicht am Gruef landen, esou ähnlech ass et hei och.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.