Commentaire vum Nico GrafButzestaat

Grand-Duché nenne mer eis, mä mer si kleng an dat wëllen elo och vill Anerer ginn, wéi et schéngt. E Commentaire vum Nico Graf.

Kleinstaaterei – dat Wuert war op eng Kéier do a wëll mer net méi aus dem Kapp. Aus verständleche Grënn, vue datt mir jo de Champion vun der Butzeg-Staaterei sinn a Mult-Medaille gewannen op de Spiller vun de klenge Männer, wéi de Marc Linster ëmmer sot.

Eescht an den Eck, ech ertappe mech derbäi, gewësse Sympathien ze hunn fir d'Schotten, déi beim Brexit net matmaache wëllen a mat hire roundabaout 5,3 Millioune Leit léiwer an der grousser EU wëlle sinn, wéi a Groussbritannien mat sengen zesummen klenge 66 Milliounen. Si wéilten – housch et eben anzwousch – an eng nei Ära vun der Klengstaaterei iwwergoen. A wann si géife goen, an d'Nord-Iren vläicht och, da wier et eriwwer mat United Kingdom a mat Great-Britain.

Et kennt een dat jo aus Europa, iwwerall gëtt et där Tendenzen: d'Katalane wëlle goen, d'Baske wollten ëmmer goen, am Frankräich waren et d'Corsen an d'Bretonen, d'Ire si gaang an d'Nord-Iren, déi iwwerleeën elo eben och, Vlaamse Block an der Belsch. D'Ost-Ukrainer loossen ech emol ewech, ze komplizéiert.

Wann ee sech dat genee ukuckt, da mierkt een, datt et historesch bal ëmmer esou war, datt grouss Entitéiten, grouss Zentralstaaten manu militari hier Ecken arrondéiert hunn a kleng Nopere forcéiert hunn, Untertanen an hire Royaumen ze sinn. "Heim ins Reich" gouf dat och alt emol genannt.

Zeréck bei d'Schotten, déi jo jiddereen iergendwéi gär huet, net zulescht, well se schonn ëmmer esou rabbelkäppeg waren hannert hirem Hadrian's-wall.
Mam Geert Wilders a mat der Le Pen am Frankräich ass dat jo anescht, net wierklech sympathesch. Deenen hir Sezessiouns-Bestriewungen, fir aus der EU eraus, baséieren op Friemefeindlechkeet; hire Nationalismus ass am Fong Rassismus. An den Trump wëll nach méi héich Maueren géint d'Mexikaner an eisen aneren NATO-Partner Erdogan massakréiert d'Kurden.

De Grand-Duché dann.
Mir hate jo emol – lang ist's her, am 20. Joerhonnert – eng Onofhängegkeetsbewegung, wéi huet se geheescht? Ösling libre, oder esou, mä déi ass verschwonnen. An dat ass nëmme konsequent. Well do, wou d'Schotten an d'Katalanen vläicht eleng iwwerliewe kéinten, do wësse mir jo genee, wat mer un eisen Auslänner a Frontalieren hunn: mir brauchen se strikt, fir z'iwwerliewen. Esou war dat schonn ëmmer, ugefaang mat de Polen an den Italiener - pardon: mat de Polacken an de Bieren - am Minett, an et ass jo weidergaang mat Portugisen, Belsch a Fransousen. Ouni si géifen hei d'Luuchten aus an d'Konten zougoen.

An duerfir hunn ech mech gewonnert, wéi ech der Deeg an enger Librairie no portugisesche Sproochebicher oder portugisesche Bicher tout court gefrot hat a gewuer gi sinn, datt se do guer an iwwerhaapt näischt haten. An an eise Lycéeë gëtt zwar u Sproochen all Méigleches geléiert, mä d'Sprooch vun eise Noperen, déi an den Dierfer a Stied, déi gëtt awer net ugebueden. E Fënneftel vun der Populatioun am Land ass lusophone – a kee Lëtzebuerger soll oder wëll déi Sprooch léieren, déi ëmmerhin eng vun de gréisste Sprooche vun der Welt ass a mir aner kéinte se directement mat den Noperen all Dag trainéieren, wat e Luxus!, vun deem mer awer näischt wësse wëllen. Déi sollen emol eis Sprooch léieren, gell Dir, a sech integréieren.

A propos: am Supermarché un der Fleeschthéik dëser Deeg, nieft mer eng däitsch Koppel, déi sinn op Däitsch zerwéiert ginn, ech dunn op perfekt Lëtzebuergesch – d' Vendeuse hat wuel iergend en Accent – an iwwerdeems koum de belsche Kolleg vun hannen aus dem Lager, mat deem ass franséisch gegeckst ginn, a nodeems ech mäi Gewurschtels kritt hat, ass si hannenaus gaang an ech hunn héieren wéi si op Portugisesch mat enger Kollegin diskutéiert huet. Eng Vendeuse, 4 Sproochen – ech war houfreg, esou eng Vendeuse fënnt een an de Nopeschlänner net.
 
A bei aller Flemm, déi een hei am Zwergestaat heiansdo huet, wann de Sozialneid erëm ausbrécht a wann déi léif Ottomoblisten duerchdréien, ech erlabe mer optimistesch ze sinn, datt banale Rassismus bei eis keng Chance huet. A wann et nëmmen dowéinst wier, well mir eis en net erlabe kënnen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.